Amel Cosic
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Amel Cosic, och Ćosić, gebuer den 19. November 1989 zu Zavidovići, ass e lëtzebuergesch-bosnesche Politiker a fréiere Foussballspiller.[1]
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Remove ads
Politesch Karriär
Bei de Gemengewalen 2017 huet den Amel Cosic fir d'DP an der Gemeng Wolz kandidéiert, krut awer kee Sëtz am Gemengerot.[2] No der Demissioun vum Conseiller Guy Herbin ass hien am Dezember 2020 awer an de Gemengerot nogeréckelt[3].
Bei de Gemengewalen 2023 krut hien déi meescht Stëmmen op der Lëscht vun der DP a gouf Schäffen an der neier CSV-DP-Koalitioun an der Gemeng Wolz. [4][5]
Bei de Chamberwalen 2023 war hie Kandidat fir d'DP am Bezierk Norden.[6]
Remove ads
Sportlech Karriär
Hien huet tëscht 2006 an 2023 fir den FC Wolz 71, den FC Blue Boys Millebaach an den FC Green Boys 77 Harel-Iischpelt gespillt. Den Amel Cosic huet de 4. Juni 2010 bei engem 0:0 géint d'Färöer Inselen säin eenzege Match fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt, wéi hien an der 77. Minut fir de Kim Kintziger agewiesselt gouf.[7]
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads