Auch
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Auch ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng, an d'Prefektur vum Departement Gers an der Regioun Occitanie. Et huet an déi 21.000 Awunner an ass de Sëtz vun engem Äerzbistum.
Auch läit um Floss Gers. Ee vun de Jakobsweeër, d'Via Tolosana, geet duerch Auch.
Et ass den historeschen Zentrum vun der Kulturregioun Gascogne, a war vum Spéitmëttelalter bis zu der Franséischer Revolutioun Sëtz vun den Häre vun Armagnac, déi d'Muecht hu misse mat den Äerzbëscheef deelen.
Remove ads
Kuckeswäertes
- d'spéitgotesch Kathedral Sainte-Marie aus dem 15. bis 17. Jh mat enger bemierkenswäerter Uergel;
- d'Tour d'Armagnac, e Prisongstuerm aus dem 14. Jh.;
- d'monumental Trap vum Floss erop bei d'Kathedral.
Galerie
- d'Kathedral Sainte-Marie
- Vue iwwer d'Trap erof op de Gers an op d'Ënnerstad
- d'Märei
- d'Maison Fedel (15. Jh.)
Literatur
Kuckt och
- Departement Gers
- Arrondissementer am Departement Gers
- Kantonen am Departement Gers
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Gers
Um Spaweck
| Commons: Auch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads


