Auguste Laval
lëtzebuergeschen Jurist, Industriellen a Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Antoine Marie Auguste Laval, gebuer de 4. Februar 1843 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 29. Oktober 1915 zu Bern, war e lëtzebuergeschen Affekot, Industriellen a Politiker.
Hie war vun 1878 bis 1890, 1891 bis 1902 a vun 1904 bis 1913 Deputéierten an der Chamber a vun 1905 bis 1913 Chamberpresident.
Hie war Member vum Verwaltungsrot vun der Arbed, déi 1911 gegrënnt ginn ass.
Den Auguste Laval war mat der Marie-Albertine-Petronille-Therese Metz, Duechter vum Auguste Metz, bestuet.
An der Stad Lëtzebuerg, zu Eech, resp. Weimeschkierch, sinn eng Strooss an e Park no him genannt.
Remove ads
Gielercher
Grand officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1912)[1]
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
