Weimeschkierch

ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

Weimeschkierch
Remove ads

Weimeschkierch ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Nordoste vun der Haaptstad.

Séier Fakten An anere Sproochen, Land ...

Weimeschkierch huet zur Gemeng Eech gehéiert a war am Fong mat Eech eng Unitéit. Dodrun erënnert och de Sproch „Weimeschkierch an Eech leien an engem Streech[1]“.

Remove ads

Geographie

Weimeschkierch grenzt am Norden un Dummeldeng an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Gemeng Nidderaanwen an d'Quartiere Kierchbierg, Pafendall an Eech.

De Quartier huet eng Fläch vun 110,50 ha a läit op enger Héicht tëscht 237,4 an 352,2 m.

Ursprong vum Numm

„Weimeschkierch“ staamt aus der fränkesch-merowengescher Epoch a geet op eng vun den eelste Kultplazen zu Lëtzebuerg zeréck. Am Joer 723 huet den Hausmeier Karl Martell d'Uertschaft „Weimeschkierch“ der Abtei St Maximäin vun Tréier geschenkt. Et huet sech ëm fränkeschen Haff gehandelt, zu deem och eng „privat“ Kierch, d'Vimaris ecclesia gehéiert huet, also engem Gotteshaus, dat de Frank Wimar op sengem Grond a Buedem opgeriicht hat.

Remove ads

Geschicht

Zu Weimeschkierch hu bis ufanks vum 20. Joerhonnert haaptsächlech Händlerfamillje gewunnt déi uechtert d'Land gezu si fir Kreemchen (Parzeläin, Bitzgeschier asw.) géint Lompen an aalt Eisen ze tauschen. D'Lompekréimer, déi sech selwer Lakerte genannt hunn, hunn ënner sech d'Lakersprooch oder Lakerschmus geschwat, d'Sprooch vun de Jéiner.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Jéinesch.

Awunner

2001 hunn zu Weimeschkierch 1.472 Leit gewunnt; op den 31. Dezember 2024 waren et der 2.480. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 30,85 % géintiwwer 69,15 % Auslänner[2].

Méi Informatiounen Rang, Nationalitéit ...
Remove ads

Kuckt och

Literatur

Um Spaweck

 Commons: Weimeschkierch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. deels och „Dummeldeng, Weimeschkierch an Eech leien an engem Streech”
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads