BRICS

Zesummeschloss vun 10 Staaten From Wikipedia, the free encyclopedia

BRICS
Remove ads

BRICS ass en Akronym fir d'Associatioun vu fënnef grousse Schwellelänner: Brasilien, Russland, Indien, China a Südafrika. Dee Begrëff gouf 2001 vum Jim O'Neill erfonnt a gëtt haaptsächlech an der Ekonomie benotzt.

Thumb
██ BRICS-Memberstaaten ██ BRICS-Partnerstaaten ██ BRICS-Bäitrëttskandidaten

Ursprénglech huet de Gruppement just aus véier Länner (BRIC genannt) bestanen, mä Enn 2010 ass Südafrika vun den anere Länner invitéiert ginn och derzouzegehéieren.

All fënnef Länner zeechne sech duerch hir grouss Wirtschaft aus déi séier wiisst, an duerch e bedeitenden Afloss op déi regional an international Politik. D'BRICS-Länner haten 2013 eng Bevëlkerung vu bal dräi Milliarde Mënschen an en nominale PIB vu ronn 16 Trilliarden US-Dollar (22 % vum Welt-PIB)[1].

Den 1. Januar 2024 si fënnef weider Länner bäigetrueden: Iran, Saudi-Arabien, Vereenegt Arabesch Emirater, Egypten an Ethiopien. No dësem Bäitrëtt gëtt och nach vu BRICS plus geschwat.

De 6. Januar 2025 ass Indonesie bäigetrueden.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: BRICS – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads