Iran

Staat am Weste vun Asien From Wikipedia, the free encyclopedia

Iran
Remove ads

Den Iran (persesch ايران, offiziell Islamesch Republik Iran), ass en islamesch markéierte Staat am Weste vun Asien, a läit tëscht Arabien an Afghanistan. Mat geschaten 92,418 Milliounen Awunner(Stand: 2025) ass den Iran op der Positioun 17 vun de bevëlkerungsräichste Staate vun der Welt[1].

جمهوری اسلامی ایران
Jomhûri-ye Eslâmî-ye Îrân
Islamesch Republik Iran

Thumb

Thumb

Detailer

Detailer
Thumb
Offiziell Sprooch: Persesch
Haaptstad: Teheran
Staatsform: Islamesch Republik
  Ieweschte Guide: Ali Chamenei
  President: Massud Peseschkian
Fläch: 1.648.195 km²
Bevëlkerung: 92.417.700 (2025)
  Bevëlkerungsdicht: 56,75/km²
Onofhängegkeet: 21. Mäerz 1935
Nationalfeierdag: 11. Februar
Nationalhymn: Ey Iran
Wärung: Rial
Zäitzon: UTC +3:30
Internet TLD: .ir
Internationalen
Telefonsprefix
:
+98
Remove ads

Numm vum Land

Zanter fréister Zäit gouf d'Land vu senger Populatioun als Iran (eng Ofkierzung vum mëttelperseschen Eran Schahr) bezeechent. Déi aliranesch Form vun dësem Numm, Aryānām Xšaθra, bedeit „Land vun den Arier“.

Déi bis an d'20. Joerhonnert gebräichlech Bezeechnung „Persien“ geet op d'Zäit vun den Achämeniden zeréck, déi am 6. Joerhonnert v. Chr. en éischt Persescht Räich geschaf haten. Dat Kärgebitt, déi haiteg Provënz Fars ëm Shiraz, gouf vun de Griiche Persis genannt. Vun hir leet sech och den Numm Farsi („Perser“) fir déi persesch Sprooch a fir déi ethnesch Perser (Farsen) of.

De geographesche Begrëff Iran bezitt sech op dat ganzt iranescht Héichland, iwwer de Staat Iran eraus, also och op Regioune vun Nopeschlänner.

Remove ads

Geographie

Den Iran grenzt u 7 Staaten an 2 Mierer: am Osten an Nordosten un den Irak (Grenzlängt 1.458 km), d'Tierkei an den Aserbaidjan (allebéid ongeféier 500 km), un Armenien (35 km) an un d'Kaspescht Mier (500 km), am Osten a Südosten un Turkmenistan (zirka 1.000 km), Afghanistan (936 km) a Pakistan (Provënz Belutschistan, 909 km) souwéi un de Golf vum Oman an de Persesche Golf, zwéin Ausleefer vum Indeschen Ozean. Déi iranesch Grenzprovënz op der pakistanescher Grenz heescht och Belutschistan.

Den haitegen Iran huet an der Antiquitéit a bis ongeféier 1950 Persien geheescht. Et ass e charakteristesch Gebiergsland, wat d'Klima – ofgesi vun de Wüsten – och fir d'Europäer relativ erdréiglech mécht. Geologesch gëtt d'Land duerch e puer, bal parallel Ost-West orientéiert Gebiergsketten, déi an den Zagros- a Kuhrud-Bierger e puermol iwwer 4.000 m héich sinn, gegliddert.

Klima

Vegetatioun

Remove ads

Populatioun

D'Populatioun am Iran louch 2025 bei geschaten 92,418 Milliounen. Déi gréisst ethnesch Gruppe sinn d'Perser an d'Aserbaidjaner. Ongeféier 79 % vun der Bevëlkerung gehéieren zu enger indoeuropäescher ethnesch-linguistescher Grupp. D'Perser maachen 61 % vun der Bevëlkerung aus, hannendru kommen d'Kurden (10 %), d'Luren (6 %) an d'Belutschen (2 %). Aner Ethnië maachen déi reschtlech 21 % aus, dorënner d'Aserbaidjaner (16 %), d'Araber (2 %), d'Turkomanen (2 %), souwéi d'Armeenier, d'Assyrer an d'Georgier.[2]

Den Iran huet eng vun de gréisste Flüchtlingspopulatiounen op der Welt, mat iwwer enger Millioun Flüchtlingen, haaptsächlech aus dem Irak an aus Afghanistan. En huet och eng grouss Diaspora, well iwwer 5 Millioune Iraner no der iranescher Revolutioun vun 1979 an aner Länner ausgewandert sinn.

De gréissten Deel (89 %) vun der Bevëlkerung am Iran ass schiitesch, 10 % ass sunnitesch an de Rescht (1 %) gehéieren zum Chrëschtentum, Zoroastrismus, Baha'i an zu Juddentum. De Juddentum huet eng ganz laang Geschicht am Land, obwuel no der Revolutioun an der Grënnung vun Israel eppes manner wéi 9.000 Judden am Land bliwwe sinn. Mat 250.000 bis 370.000 Unhänger sinn d'Chrëschten déi gréisst Minoritéitsrelioun am Land, woubäi déi meescht Chrëschten armeenesch Originnen hunn.[2]

Zu de gréisste Stied zielen:

Populatioun 2025[2]
Teheran 7.153.309
Maschhad 2.307.177
Isfahan 1.547.164
Karadsch 1.448.075
Täbris 1.424.641
Schiraz 1.249.942
Qom 900.000
Ahwas 841.145
Bezierk Pasargad 787.878
Kermānschāh 766.706

Sproochen

Zu de Sproochen, déi am Iran geschwat ginn, gehéieren ë.a.: Persesch (offiziell), Aserbaidjanesch-tierkesch an tierkesch Dialekter, Kurdesch, Gilaki a Masanderanesch, Luri, Belutschesch an Arabesch.

Relioun

Den zwielefer-schiitteschen Islam ass d'Staatsrelioun. 98 % vun der Populatioun si Moslemen. Donieft gëtt et Orientchrëschten, deenen hir Zuel awer no der Revolutioun staark zeréckgaangen ass. Haut gëtt et der wuel nach ongeféier 280.000. Zu 90 % sinn Unhänger vun der armeenesch-apostoulescher Kierch, 20.000 bis maximal 40.000 assyresch Chrëschten, ongeféier 3.000 Chaldäer an e puer Protestanten. Judde gëtt et jee no Schätzung 11.000 bis 30.000, woubäi déi meescht Estimatioune vun 20.000 ausginn, donieft 33.000 Parsen an e puer Dausend Mandäer. Déi ongeféier 300.000 am Iran als ketzeresch bezeechent an entrecht Baha'i, deenen hir Relioun am 19. Joerhonnert am Iran entstanen ass, ginn net toleréiert, wat bluddeg Progromer an Hiriichtunge mat sech bréngt.

Remove ads

Geschicht

Politik

"Revolutiounsgarden"

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Militär

D'iranesch Arméie sinn nach ëmmer an enger Opbauphas, an där d'Land versicht, d'Verloschter vum éischte Golfkrich auszegläichen. US-Schätzunge ginn dervun aus, datt den Irak an den aacht Krichsjoer tëscht 20 a 40 % vun der iranescher Militärcapacitéit vernicht huet, souwuel Zaldote wéi och Material. Wat d'Mannstärkt betrëfft, ass den Erëmopbau zum groussen Deel ofgeschloss, änlech däerft et och fir déi buedemgebonne Waffesystemer gëllen, bei deenen et dem Land haut virun allem ëm d'Moderniséierung a manner ëm zueleméisseg Oprëschtung geet. Nach net ausgeglach sinn d'Materialverloschter um Niveau vun der Loftwaff, an a méi héijer Mooss bei de groussen Iwwerwaasser-Unitéite vun der Marinn. Op dësen Niveauen ass den Iran fir e Land vu senger Gréisst ënnerbewaffnet. Nieft de Krichsverloschter si virun allem d'Export-Restriktioune vu ville Staaten de Grond fir deen Zoustand. E groussen Deel vun de Waffesystemer staamt aus US-Waffenhëllefen an a rezenter Zäit aus Waffegeschäfter mat Russland a mat der Volleksrepublik China.

Remove ads

Rechtssystem

No der islamescher Revolutioun ass d'islamescht Recht, d'Scharia, als Gesetz erëm agefouert ginn. Well d'Scharia ni richteg mat Succès codifizéiert gouf, ënnerläit d'Rechtsfleeg an d'Weiderentwécklung vun der islamescher Jurisprudenz an enger Aart Case law-System. Vum Standpunkt vun der Gewaltentrennung aus huet sech d'Aktivitéit vum éischten ieweschte Riichter no der Chalkali Revolutioun katastrophal ausgewierkt. Bis haut gëtt et keng Gewaltentrennung am Iran, den ieweschte geeschtleche Féierer huet wäitreechend Befugnisser.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Iran – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. (en) Total Population by Country 2025. worldpopulationreview.com. Gekuckt den 11.07.2025.
  2. (en) Iran Population 2025. worldpopulationreview.com. Gekuckt den 11.07.2025.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads