Benjamin Markarjan

armeneschen Astrophysiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Benjamin Markarjan
Remove ads

De Benjamin Markarjan, gebuer den 29. November 1913 zu Schulawer, haut Schahumjan a Georgien, a gestuerwen den 29. September 1985, war en armeeneschen Astrophysiker.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

De Markarjan huet vun 1946 un am Byurakan-Observatoire geschafft an Theorien iwwer d'Stäregenesis, Galaxiëkéip a Superkéip opgestallt. Allgemeng huet hie sech mat Stärenassociatioune befaasst an den éischte systematesche Katalog mat O-Associatioune publizéiert. Fir déi Aarbechte krut hien 1950 zesumme mam Viktor Hambarzumjan de Stalinpräis.

An den 1960er Joren huet hien eng Grupp vu Galaxië mat aktive Kären, déi e besonnesch hellt, blot Liicht mat engem héijen UV-Kontinuum aus dem Zentrum ofginn (Seyfertgalaxien, Blasaren a Quasaren) intensiv observéiert. Hien huet sou Objeten an engem Katalog zesummegefaasst, deen haut den Numm Markarjan-Katalog huet a ronn 1500 Objete faasst.

An den 1970er Joren huet hien en ettlech Galaxië vum Virgo-Galaxiëkoup observéiert, déi spéider den Numm Markarjan-Kette kruten.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads