Bill Gates

US-amerikanesche Manager a Programméierer From Wikipedia, the free encyclopedia

Bill Gates
Remove ads

De WilliamBillHenry Gates III, KBE, gebuer den 28. Oktober 1955 zu Seattle, ass en US-amerikanesche Manager a Programméierer.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

De Bill Gates soll dee räichste Mann vun der Welt sinn, mat engem Verméige vu ronn 85 Mrd. US-Dollar. Hien huet 1975, zesumme mam Paul Allen, d'Microsoft Corporation gegrënnt. Hien huet bei Microsft ongeféier 1,1 Milliard Aktien (déi eng 41 Mrd. US-Dollar wäert sinn); dat entsprécht méi wéi 10 % vum Grondkapital vun där Gesellschaft.

Hien ass President vum Opsiichtsrot vu Microsoft a war bis 2006 Leeder vun hirer Entwécklungsdivisioun („Chief Software Architect“). Zanter Dezember 2004 ass hien doriwwer eraus Member vum Direktorium (Board of Directors) vu Berkshire Hathaway, der Investmentholding vum Warren Buffett. De Bill Gates huet och Aktie vu McDonald's an der Héicht vu ronn 35 Milliounen US-Dollar (2007) a vum Fotokonzern Eastman Kodak.

Den 12. September 2007 huet hien op der Assemblée vu Microsoft offiziell säin Abschied geholl.

Remove ads

Auszeechnungen an Unerkennungen

  • De Bill Gates ass ënner anerem Dokter honoris causa vun der Nijenrode Universitéit an Holland

Um Spaweck

 Commons: Bill Gates – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads