1975

Joer From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1975. D'Joer 1975 huet op engem Mëttwoch ugefaangen.

Evenementer

Europa

  • 01. Januar: Verfassungsännerung a Schweden, de Kinnek huet just nach representativ Aufgaben.
  • 13. Februar: De Rauf Denktaş proklaméiert den Tierkesche Bundesstaat vun Zypern am Norde vun der Insel.
  • 10./11. Mäerz: Éischt Reunioun vum Europäesche Conseil.
  • 05. Juni: Bei engem Referendum iwwer d'Memberschaft an der EWG stëmme 67% vun de Britten dofir, dranzebleiwen.
  • 01. August: De Schlussakt vun Helsinki gëtt ënnerschriwwen an d'KSZE gëtt gegrënnt.
  • 05. Oktober: Bei den Nationalratswalen an Éisträich kritt d'SPÖ mam Bundeskanzler Bruno Kreisky déi meescht Stëmmen.
  • 10. November: Am Traité vun Osimo eenege sech Italien a Jugoslawien iwwer d'Opdeelung vum fréiere Fräien Territorium Trieste.
  • 20. November: Mam Doud vum Generol Franco geet eng 36-järeg Diktatur op en Enn, de Juan Carlos gëtt 2 Deeg drop Kinnek, a Spuenien nees eng Monarchie.
  • 25. November: Putschversuch a Portugal.
  • Zu Wien gëtt d'OPEC-Konferenz vun Terroristen iwwerfall. D'Geiselnam vun 11 Ministeren hannerléisst 3 Doudeger.
  • Griicheland gëtt no engem Referendum eng demokratesch Republik.

Lëtzebuerg

Afrika

Amerika

USA

Südamerika

Asien

  • 17. Abrëll: Phnom Penh, d'Haaptstad vum Kambodja gëtt vun de Roude Khmer ënner dem Pol Pot ageholl.
  • 30. Abrëll: De Vietnamkrich geet mat der Eruewerung vu Saigon duerch déi kommunistesch Forcen op en Enn. D'Regierung vu Südvietnam kapituléiert komplett. Een Dag éischter sinn déi lescht US-Amerikaner duerch d'Operation Frequent Wind aus der Stad evakuéiert ginn.
  • 16. Mee: Dat fréiert Kinnekräich Sikkim gëtt den 22. Bundesstaat vun Indien.
  • 25. Juni: An Indie gëtt en nationalen Ausnamezoustand proklaméiert (bis 1977).
  • 15. August: De Sheikh Mujibur Rahman a seng Famill ginn am Bangladesch ermuert.
  • 8. August: An der Volleksrepublik China briechen 62 Staudämm, 231.000 Mënsche kommen ëm d'Liewen.
  • 16. September: Papua-Neiguinea gëtt onofhängeg.
  • 25. November: Surinam gëtt vun Holland onofhängeg.
  • 2. Dezember: Am Laos stierzt d'Laotesch Revolutionär Vollekspartei d'Monarchie a rifft déi Demokratesch Volleksrepublik Laos aus. De Prënz Souphanouvong gëtt éischte Staatspresident.
  • 7. Dezember: Indoneesesch Truppe besetzen Osttimor komplett. Fir d'UNO bleift Osttimor bis 2002 en „onofhängegen Territoire ënner portugisescher Verwaltung“.

Ozeanien & Pazifik

Arabesch Weltan Noen Osten

  • 6. Mäerz: Iran an Irak eenege sech am Ofkommes vun Algier iwwer hire gemeinsame Grenzverlaf am Schatt el-Arab. Mam Opkënnege vun dësem Ofkommes am September 1980 duerch den Irak fänkt den Éischte Golfkrich un.
  • Abrëll: Ufank vum Libanesesche Biergerkrich.
Remove ads

Konscht a Kultur

Molerei

Literatur

Musek

Wëssenschaft an Technik

  • Bau vum Assuan-Staudamm an Egypten.
  • 4. Abrëll: De Bill Gates an de Paul Allen grënne Microsoft.
  • 30. Mee: Déi European Space Agency (ESA) wgëtt gegrënnt.
  • 11. Juli: D'Volleksrepublik China deelt mat, datt d'Terracotta-Arméi entdeckt gouf.
  • 15. Juli: Mam Apollo-Sojus-Projet fänkt déi éischt gemeinsam Weltraummissioun tëscht den USA an der Sowjetunioun un. De 17. Juli begéine sech déi zwou Ekippen am All.
  • 20. August: D'NASA start hir Mars-Sond Viking 1.
  • 12. September: Déi alleréischt Spillkonsol, den TV Tennis Electrotennis, kënnt op de Maart.
  • 18. Oktober: D'Bréck vu Saint-Nazaire geet fir de Stroosseverkéier op.
  • 22. Oktober: Déi sowjetisch Raumsond Venera 9 lant op der Venus a schéckt éischt Biller vun der Uewerfläch vum Planéit.

Sport

  • D'Jeunesse Esch gëtt nationale Champion am Foussball, den US Rëmeleng gewënnt d'Coupe du Luxembourg.
  • 16. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976 1:2 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.[1]
  • 08. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1976 0:1 géint Holland.[2]
  • 22. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Spakenburg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1976, 1:2 géint Holland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean-Louis Margue geschoss.[3]
  • 01. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976, 1:3 géint Wales. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Paul Philipp geschoss.[4]
  • 15. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Wien, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976, 2:6 géint Éisträich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Nico Braun a Paul Philipp geschoss.[5]
  • 19. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Szombathely, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976, 1:8 géint Ungarn. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Dussier geschoss.[6]
  • 12. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Ensdorf 0:1 géint d'Bundesrepublik Däitschland.[7]
Remove ads

Gebuer

Remove ads

Gestuerwen

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: 1975 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads