Blogosphär

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Begrëff Blogosphär (aus dem Engleschen blogosphere) beschreift d'Gesamtheet vun de Bloggen an hir Verbindungen. De Begrëff blogosphere gouf am Witz eng éischt Kéier den 10. September 1999 vum Brad L. Graham benotzt. Am Joer 2002 huet de William Quick en opgegraff, wouropshin e sech séier an der sougenannter Warblog-Communautéit verbreet huet.[1]

Dëse Begrëff huet sech am Ufank op d'Publikatioun vun Texter (Internet-Säiten a Sozial Medien) bezunn, a gouf am Laf vun der Zäit ausgedeent op audiovisuellt Material (Vlogging, Podcasten), dat nieft de Publikatioune vun etabléierte Pressemedien och iwwer den Internet zougänglech ass.

En historesch wichtegen Text ass dem John Perry Barlow seng Onofhängegkeetserklärung vum Cyberspace[2], déi op Basis vun enger techno-liberaler Positioun d'Fräiheet am Internet vun der Kontroll duerch national Regierunge fuerdert. Bis haut besteet an der Blogosphär eng staark Ofneigung géint all Forme vun Zensur an Agrëffer an d'Meenungsfräiheet.

Remove ads

Referenzen an Notten

  1. (en) Jarvis, Jeff, The Man Is Gone, But Long Live The Blogosphere. NPR (6. Januar 2010). Gekuckt den 10. November 2024.
  2. (en) Barlow, John Perry, A Declaration of the Independence of Cyberspace. diplomacy.edu (1996). Gekuckt den 10. November 2024.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads