Bodrum

tierkesch Stad am Golf vu Gokova From Wikipedia, the free encyclopedia

Bodrum
Remove ads

Bodrum ass een tierkeschen Hafen am Golf vu Gokova vis-à-vis vun der griichescher Insel Kos. Bodrum läit an Anatolien, an engem Deel vu Klengasien dee fréier als Karien bekannt war.

Dëse Geographiesartikel iwwer d'Tierkei ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Land, Vewaltungseenheet ...

An der Antiquitéit huet Bodrum Halikarnassos geheescht.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Halikarnassos.

Hautdesdaags ass Bodrum virun allem bei Touriste ganz beléift.

Remove ads

Kuckeswäertes

Mausoleum

Zu Bodrum stoung de Mausoleum deen zu de Siwe Weltwonner gezielt gëtt. Et handelt sech hei ëm dat monumentaalt Graf vum Kinnek Mausolus. De Mausolus war e persesche Satrapp (eng Aart Gouverneur) a Kinnek vu Caria a Klengasien (376-353 v. Christus). Hie war relativ onofhängeg an hat sech zwar géint den Artaxerxes II revoltéiert, mä huet duerno mat de Perser gemeinsam Sach gemaach. Dat huet him erlaabt, seng Pouvoire bis op Rhodos ze vergréisseren. De Mausoleum gouf vu senger Schwëster, der Artemisia, déi gläichzäiteg seng Fra war, nom Doud vum Mausolus opgeriicht, an zwar opgrond vun sengen eegene Pläng.

De Mausoleum war eng véiereckeg Konstruktioun mat enger Héicht vu 45 m. Bannendra war eng Grafkummer. Vum Mausoleum sinn allerdéngs nëmme méi d'Fëllementer iwwereg. D'Steng vun der Konstruktioun sinn am 15. Joerhonnert fir aner Zwecker gebraucht ginn, an zwar fir den Ausbau vum Schlass St. Pierre.

Buerg St. Pierre

Buerginsel

Blue Cruise

Remove ads

Zougang a Verkéier

Literatur

Bodream ou rêve de Bodrum, Jean-Pierre Thiollet, Anagramme Éditions, 2010, (ISBN 2-35035-279-4)

Um Spaweck

 Commons: Bodrum – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads