Breetekrees

Kreesser déi parallel zu der Equatorfläch verlafen From Wikipedia, the free encyclopedia

Breetekrees
Remove ads

Breetekreesser sinn déi Kreesser, déi op der (idealiséierter) Äerduewerfläch mat konstanter geographescher Breet β parallel zu der Equatorfläch an Ost-West-Richtung verlafen. E Synonym fir de „Breetekrees“ ass déi an der Navigatiounsléier zäitgeméiss Bezeechnung „Breeteparallel“.

Thumb
Breetekreesser
Thumb
Breetekrees (rout)

Wärend Längekreesser, déi vertikal op d'Breedekreesser stoussen, alleguer Grousskreesser sinn, sinn d'Breetekreesser am Allgemenge Klengkreesser – bis op den Equator, deen als den Null-Breetegrad d'Äerd an eng nërdlech an eng südlech Hemisphär deelt. Weider besonnesch Breetekreesser sinn d'Wendekreesser an d'Polarkreesser, déi hir Bedeitung fir de Sonnestand am Verlaf vun de Joreszäiten duerch d'Schréi vun der Ekliptik kréien. D'Definitioun vun de Klimazone bezitt sech och op bestëmmt Breetekreesser.

Den Ofstand tëscht zwéi Breetekreesser mat engem Breetenënnerscheed vun engem Grad huet an der Moyenne ronn 111 km, ass awer wéinst der Äerdofplattung an der Equatorgéigend méi kleng wéi an héijen nërdlechen a südleche Breeten. Een änleche Feeler hätt d'Berechnung vun der Breetekreeslängt als 2πR•cos β mat konstantem Äerdradius R.

Remove ads

Breetekreesser als Grenzen

Breetekreesser ginn dacks als Grenz tëscht Länner oder Regioune benotzt, virun allem an Nordamerika.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Breetekrees – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads