Utah

Bundesstaat vun den USA From Wikipedia, the free encyclopedia

Utah
Remove ads

De Utah ass e Bundesstaat am Weste vun den USA.

Utah
Thumb Thumb
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: 'The Beehive State'
Thumb
Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad:Salt Lake City
Gréisst Stad:Salt Lake City
Gouverneur:Spencer Cox
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 13. Plaz
219.653 km²
3,25 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 30. Plaz
3.271.616 (2020)[1]
15.33/km²
Opgeholl als Memberstaat: 4. Januar 1896 (45ten)
Zäitzon:UTC-7 bis -6

Den Numm Utah ass op den Indianer-Stamm vun den Ute zeréckzeféieren, déi do, nieft aneren, bis haut do liewen.

Remove ads

Geographie

De Utah ass Noper mam Nevada, Idaho, Wyoming, Colorado, New Mexico an Arizona. Zesumme mam Colorado, New Mexico an Arizona huet de Utah e Véierlännereck. (Four Corners).

Am Osten an am Süden ass de Colorado-Plateau, am Westen d'Basin and Range Province. Tëscht deenen zwou Groussregioune sinn d'Wasatch Mountains, déi d'Grenz maachen. D'Rocky Mountains ginn am Osten an Nordosten nach sou just bis an de Utah. Am Nordosten, an de Uinta Mountains, ass de Kings Peak (4123 m), den héchste Bierg vum Utah.

Remove ads

Demographie

De Utah huet 2,855 Milliounen Awunner (2012), wouvun iwwer 80 % an der Metropolregioun Wasatch Front ënner der Westflank vun der Wasatchkette liewen. De Rescht vum Bundesstaat ass extreem dënn bewunnt.

Ronn 60 % vun der Bevëlkerung si Mormonen.

Thumb
Arches-Nationalpark
Thumb
Bryce-Canyon-Nationalpark
Thumb
Monument Valley

Kuckeswäertes

Am Utah sinn déi heiten Nationalparken:

De Monument Valley ass keen Nationalpark a gëtt autonom vun den Indianer, déi do wunnen, verwalt.

Zu den National Monuments zielenː

  • Cedar Breaks National Monument
  • Dinosaur National Monument
  • Grand Staircase-Escalante National Monument
  • Natural Bridges National Monument
  • Rainbow Bridge National Monument
  • Timpanogos Cave National Monument

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads