Centre national de l'audiovisuel

Kulturinstitut vum Staat fir den audiovisuelle Patrimoine vu Lëtzebuerg z'erhalen From Wikipedia, the free encyclopedia

Centre national de l'audiovisuel
Remove ads

De Centre national de l'audiovisuel, kuerz CNA, zu Diddeleng gouf 1989[1] gegrënnt.

op ee Bléck Land, Gemeng ...

Als ee vun de Kulturinstituter vum Staat besteet seng Aufgab[2] dodran, den audiovisuelle Patrimoine vu Lëtzebuerg z'erhalen, ze versuergen, opzewäerten a bekannt ze maachen.

Den CNA huet den Dépôt légal fir audiovisuell Produktiounen zu Lëtzebuerg. Deemno ginn am CNA Lëtzebuergesch Filmer, d'Toun- a Bildmaterial vun den RTL-Produktiounen (Radio an Tëlee), déi zu Lëtzebuerg gemaach ginn, awer och och Privatfilmer, konservéiert, katalogiséiert, an zum Deel verschafft an der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach. Sou gëtt den CNA d'Video-, resp. d'DVD-Serie "Films Made in Luxembourg" eraus, a produzéiert oder koproduzéiert Documentairen.

Do donieft archivéiert den CNA eng räichhalteg Fotosammlung, op där hirer Basis Ausstellungen organiséiert a Bicher publizéiert ginn.

No engem provisoreschen Openthalt an dem fréiere Pensionat vun de Schwëstere vun der doctrine chrétienne, deen 19 Joer gedauert huet, ass den CNA ufanks Dezember 2007 a säin neit Gebai Op der Schmelz geplënnert, dat e sech mam regionale Kulturzentrum a mat der Diddelenger Museksschoul deelt.

Direkter war zanter der Grënnung bis Enn 2015 de Jean Back, dono bis 2023 de Paul Lesch[3] an zanterhier de Gilles Zeimet.[4]

Am Gebai sinn:

  • zwéi Kinossäll, de Starlight I an den II;
  • Ausstellungsméiglechkeeten, den Display 01 an den Display 02;
  • en Espace découverte;
  • eng Mediathéik;
  • e Shop;
  • Film-, Foto- an Tounstudioen
  • Archivraim.
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Centre national de l'audiovisuel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Cf. Loi du 18 mai 1989 portant création d'un Centre national de l'audiovisuel. Mémorial A n° 31: 586-588, 20.05.1989
  2. Cf. Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'Etat. Mémorial A n° 120: 1798-1810, 15.07.2004
  3. "CNA: De Paul Lesch gëtt neien Direkter." rtl.lu, Leschten Update: 04.12.2015, 17:56:48.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads