Cabris
franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Alpes-Maritimes From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Cabris ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Alpes-Maritimes an der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur. D'Awunner heeschen Cabriencs.
Cabris läit op enger Héicht vu ronn 550 Meter, 7 km vu Grasse ewech, an eng 25–30 km vun Nice a Cannes.
Nopeschuertschafte si Spéracèdes, Saint-Cézaire a Saint-Vallier.
Remove ads
Geschicht
Déi éischt Siidlung gouf et zu Cabris schonn 2500 viru Christus. Déi Plaz läit 1 km südëstlech vu Cabris. An der Mëtt vun der Plaz sinn d'Reschter vun enger Kierch, déi d'Patere vu Lérins ëm 950 do gebaut haten.
Bekannt Persounen déi mat Cabris ze dinn hunn
- Maurice Boitel, Moler deen zu Cabris geschafft huet.
- Anne-Marie Dupuy, Kabinettcheffin vum Georges Pompidou.
- Alexandre de Marenches, Politiker a Beroder vum Valéry Gicard d'Estaing a Ronald Reagan.
- Antoine de Saint-Exupéry, Pilot a Schrëftsteller.
- D'Famill Mayrisch hat eng Summerresidenz zu Cabris.
Kuckt och
- Departement Alpes-Maritimes
- Arrondissementer am Departement Alpes-Maritimes
- Kantonen am Departement Alpes-Maritimes
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Alpes-Maritimes
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
