Cate Blanchett
australesch Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Catherine Élise "Cate" Blanchett, gebuer de 14. Mee 1969 zu Melbourne, ass eng australesch Theater- a Filmschauspillerin. Si huet fir hir Rollen eng ganz Rëtsch Ausszeechnunge kritt, dorënner zwéin Oscaren, dräi Screen Actors Guild Awards, dräi Golden Globe Awards an dräi BAFTA Awards.
Remove ads
Si gouf 1998 international fir hir Roll als Elizabeth I. vun England am Film Elizabeth bekannt. Vill Luef krut si fir hir Personifikatioun vun der Katharine Hepburn am Martin Scorsese sengem Film The Aviator (2004), an 2013 hat si d'Haaptroll am Woody Allen sengem Blue Jasmine. Fir dës zwéi leschtgenannt Filmer huet si en Oscar gewonnen.
Aner bekannt Filmer, an deene si matspillt, sinn dem Peter Jackson seng The Lord of the Rings-Trilogie (2001-03), Elizabeth: The Golden Age, Veronica Guerin (2003), Babel (2006), Notes on a Scandal (2006), I'm Not There (2007), Indiana Jones and the Kingdom of the Crystal Skull (2008), an The Curious Case of Benjamin Button (2008).
Och am Theater hat si eng beandrockend Karriär.
Remove ads
Filmographie
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Cate Blanchett – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads