Christian Helmig

lëtzebuergesche Cyclo-Cross-Coureur From Wikipedia, the free encyclopedia

Christian Helmig
Remove ads

De Christian Helmig, gebuer de 17. Mee 1981, ass e lëtzebuergesche Cyclo-Cross-Coureur.[1]

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

Sportlech Karriär

Hien ass a senger aktiver Zäit fir Elbowz Racing gefuer an huet zu Dallas (USA) gewunnt.

Zu Lëtzebuerg bei de Landesmeeschterschaften am Cyclocross konnt hien d'Dueller mam Gusty Bausch (2015 an 2016) an och mam Massimo Morabito (2013 an 2014) fir sech entscheeden.

Wéi den Helmig erëm op Lëtzebuerg zeréck koum, ass hie méi Mountainbike gefuer.

Bei de Weltmeeschterschaften zu Bieles am Joer 2017, huet den Helmig säi sportlechen Abschied gefeiert. Well e Konkurrent bei enger Chute säin Derailleur beschiedegt hat, konnt den Helmig do awer kee Resultat erausfueren.[2]

Remove ads

Palmarès

Referenzen

  1. De Christian Helmig op 'Le site du Cyclisme' Archivéiert den 22.01.2013. Gekuckt den 08.01.2012.
  2. (fr) Bastien, Denis, C’était mieux avant - Christian Helmig: «Mon plus grand rival, c’était Gusty Bausch». Le Quotidien (15.12.2023). Gekuckt de 15.12.2023.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads