Claude Imbert

franséische Journalist From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Claude Imbert, gebuer den 12. November 1929 zu Quins am Departement Aveyron, a gestuerwen den 23. November 2016 zu Paräis, war e franséische Journalist.

op ee Bléck Gebuertsnumm, Gebuer ...

Seng Carrière fänkt 1950 un, wéi e fir d'Agence France-Presse e puer Joer an Afrika schaffe geet. 1964 ass e Redakter an der Wochezäitschrëft L'Express, wou den Imbert vun 1966 u Chefredakter gëtt.

1971 verléisst en den Express, fir Chefredakter vu Paris-Match ze ginn.

D'Joer drop grënnt hie Le Point a gëtt do Direkter.

Zanter 1976 ass den Imbert Samschdes-Editorialist beim Radiosender Europe 1, nieft dem Jean Daniel an dem Serge July.

Remove ads

Bibliographie (Auszuch)

  • Ce que je crois, Grasset Ed.
  • Par bonheur, Grasset Ed.
  • À point nommé, Grasset Ed.
  • La Droite et la gauche, nieft dem Jacques Julliard, Julliard Ed.
  • Le Tombeau d'Aurélien, Grasset Ed.
  • La Pensée unique: le vrai procès, nieft dem Jean Foyer, Jacques Julliard, Philippe Tesson an dem Jean-Pierre Thiollet, Economica Ed.

Um Spaweck


Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads