Däitschsproocheg Communautéit vun der Belsch

From Wikipedia, the free encyclopedia

Däitschsproocheg Communautéit vun der Belsch
Remove ads

Déi Däitschsproocheg Communautéit (op Däitsch: Deutschsprachige Gemeinschaft Belgiens) ass déi klengst vun den dräi Communautéiten an der Belsch. Si representéiert déi Belsch, déi an engem klenge Gebitt am Oste vum Land an der Provënz Léck wunnen an déi Däitsch schwätzen (Héichdäitsch an donieft däitsch Dialekter).

Dëse Geographiesartikel iwwer d' Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Land, Awunner ...
Thumb
Däitschsproocheg Communautéit

Zënter 2017 nennt sech déi Däitschsproocheg Communautéit selwer Ostbelgien, och wann deen Numm net an der belscher Verfassung verankert ass.

Se besteet aus Gebidder, déi d'Belsch nom Éischte Weltkrich vum Däitsche Räich annektéiert huet. D'Gebitt ëm Malmedy ass allerdéngs frankophon a gouf, tëschent 1815 an 1918, als Wallonie malmédienne oder Wallonie prussienne bezeechent. Ufanks war geplangt, déi aner Gebidder och ze franciséieren, éier 1984 déi Däitschsproocheg Communautéit an hirer haiteger Form unerkannt gouf. Se gehéiert awer regionalpolitesch ëmmer nach zu Wallounien.

De Feierdag vun der Däitschsproocheger Communautéit ass de 15. November[1]

Remove ads

Gemengen an Awunner

Déi däitschsproocheg Communautéit ëmfaasst néng Gemenge mat 79.479 Awunner (Stand 1. Januar 2024)[2],[3].:

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Däitsch Communautéit vun der Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Decret vum 1. Oktober 1990, publizéiert am Moniteur belge de 15. November 1990, Säit 21587
  2. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  3. Verwaltungszentrum a gréisst Stad
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads