Dirty Crows

lëtzebuergesch Rockband From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Dirty Crows ass eng lëtzebuergesch Rockband vun Dikrech.

op ee Bléck Museksgenre, Land ...

Bandgeschicht

De Marc Bonert, de Mauro Fiermonte an den Daniel Frantz hunn tëscht 2005 an 2010 an der Band Artis Dead gespillt. Nodeem déi sech opgeléist huet, hu si zesumme mam Philippe Bonert 2010 d'Dirty Crows gegrënnt. Op Lëtzebuergesch kann een den Numm mat Knaschteg Kréien iwwersetzen.

Wärend dem Mäerz 2012 hunn d'Dirty Crows mat enger Crowdfunding-Aktioun en Effort gemaach, Fonge fir d'Produktioun vun engem Studiosalbum zesummenzekréien. Dobai sinn d'Leit opgeruff ginn, der Band Suen z'iwwerweisen a kruten als Géigeleeschtung bestëmmt Avantagen (z. B. fir d'Iwwerweise vu 25 € krut een e signéierte Bandposter, eng Live-CD an et konnt ee gratis Lidder vum neien Album eroflueden).[1]

Am Abrëll 2012 hunn de Luc Bonert an den Daniel Oliveira Carneiro mat den Dirty Crows de Museksvideo Eat It Baby gedréint.[2] De 26. Mee huet d'Band hiren Album Got No Chance Against Rock 'n' Roll um Food For Your Senses Festival presentéiert. De selwechten Dag ass och déi digital Single The Kalashnikov Blues verëffentlecht ginn.

Am Februar 2015 hunn d'Dirty Crows op hirer Facebooksäit bekannt ginn, dat si sech vun hirem Frontmann Marc Bonert getrennt hunn. Doropshin hu si en neie Sänger a Gittarist gesicht, mee d'Grupp ass net méi weider opgetrueden an et huet een näischt méi vun hir héieren, och wann offiziell keng Trennung bekannt gemaach gouf.

D'Grupp huet als Virband ënner anerem mat Papa Roach an Jennifer Rostock gespillt.

Remove ads

Discographie

Album

  • 2012: Got No Chance Against Rock 'n' Roll

Singelen

  • 2012: Eat It Baby (nëmme Museksvideo)
  • 2012: The Kalashnikov Blues

Um Spaweck

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads