Dolmetscher

From Wikipedia, the free encyclopedia

Dolmetscher
Remove ads

En Dolmetscher oder eng Dolmetscherin ass eng Persoun, déi dolmetscht, dat heescht déi déi geschwat Kommunikatioun oder Kommunikatioun an Zeechesprooch vun enger Ausgangssprooch an eng Zilsprooch iwwerdréit. Déi Aktivitéit gëtt meeschtens als Beruff ausgefouert.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Thumb
Dolmetscherinne bei der Aarbecht. Si dolmetsche wärend enger Reunioun a sëtzen an enger ofgetrennter Kabinn, an där si viru Geräischer, déi stéieren an oflenken, geschützt sinn.

Persounen, déi geschriwwen Texter vun enger Sprooch an déi aner iwwerdroen, sinn Iwwersetzer.

De Begrëff "Dolmetscher" kënnt warscheinlech aus der Sproochefamill vun den Turksproochen. Do gëtt et d'Wuert tılmaç, dat awer och selwer eventuell aus enger anerer Sprooch iwwerholl gouf.[1],[2] Och an aneren europäesche Sprooche gëtt et änlech Wierder, wéi am Sloweeneschen (tolmač), am Serbeschen/Kroateschen/Bosneschen (тумач/tumač), am Polneschen (tłumacz), am Tschecheschen (tlumočník), am Ukraineschen (тлумач oder och товкмач) an am Rumäneschen (tălmaci).

2018 hunn an der Europäescher Unioun ronn 180.000 Dolmetscher geschafft, wat deemools 0,1 % vun alle Leit mat enger Aarbecht representéiert huet.[3]

Zu Lëtzebuerg vertrëtt de Lëtzebuerger Iwwersetzer- an Dolmetscherverband (ALTI) d'Interesse vun den Dolmetscher.[4]

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Dolmetscher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. (de) Über die Herkunft des Wortes „Talmatsch“. Goethe Institut Bulgarien. Gekuckt den 22. Januar 2025.
  2. (de) Dolmetscher, der. Digitales Wörterbuch der deutschen Sprache (DWDS). Gekuckt den 22. Januar 2025.
  3. (en) How many translators and interpreters are in the EU?. Eurostat (30. September 2019). Gekuckt den 22. Januar 2025.
  4. Den offiziellen Numm ass Association luxembourgeoise des traducteurs et interprètes, mee d'Statute nennen och de lëtzebuergeschen Numm an den däitschen Numm (Luxemburger Übersetzer- und Dolmetscherverband). Websäit: www.traducteurs-interpretes.lu.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads