Dorado (Stärebild)

Stärebild um Südhimmel From Wikipedia, the free encyclopedia

Dorado (Stärebild)
Remove ads

De Schwäertfësch, laténgesch Dorado ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.

Méi Informatiounen Date vum Stärebild Dorado ...
Remove ads

Beschreiwung

Den Dorado ass kee markant Stärebild. Et besteet aus e puer Stären, déi sou ausgesinn, wéi wa si un enger Päreleschnouer géifen hänken. D'Stärebild ass südwestlech vum Canopus, deem zweethellste Stär um Südhimmel, ze fannen.

Am Dorado ass och de gréissten Deel vun der Grousser Magellanescher Wollek ze fannen.

Wéinst senger südlecher Positioun kann dat Stärebild net vun Europa aus gesi ginn.

Geschicht

Den Dorado ass eent vun deenen 12 Stärebiller, déi um Enn vum 16. Joerhonnert vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman agefouert goufen. Fréier huet dat Stärebild "Goldfësch" geheescht. De Johannes Bayer huet d'Stärebild am Joer 1603 a säin Himmelsatlas Uranometria opgeholl.

Himmelsobjeten

Stären

Méi Informatiounen B, F ...

Den α  Doradus, den hellste Stär am Dorado, ass 200 Liichtjoer vun eis ewech. De Stär liicht wäiss a gehéiert zu der Spektralklass A0 III.

Verännerlech Stären

Méi Informatiounen Stär, Gréisst ...

Den β Doradus ass ee verännerleche Stär vum Typ Cepheiden. Seng Hellegkeet verännert sech mat enger Period vun 9,842 Deeg. De Stär läit 8.000 Liichtjoer vun eis ewech

NGC-Objeten

Méi Informatiounen NGC, divers ...

Déi Grouss Magellanesch Wollek (englesch: Large Magellan Cloude (LMC)) ass den hellsten a gréissten niwwelegen Objet um Nuetshimmel. Den Niwwel huet eng Ausdeenung vu 5-mol 6°. Et handelt sech ëm eng kleng Begleetgalaxie vun eiser Mëllechstrooss op enger Distanz vun zirka 160.000 Liichtjoer. An hir si vill Stärekéip an Niwwelen, wéi z. B. den Tarantelniwwel. Am Joer 1987 war do eng Supernova opgetrueden, si war déi äerdnoosten zanter 383 Joer.

Den Tarantelniwwel (NGC 2070) ass en Emissiounsniwwel an der Grousser Magellanescher Wollek an 160.000 Liichtjoer vun eis ewech. Den Niwwel huet déi 5.000fach Liichtkraaft vum Orionniwwel an ass de gréisste bekannten Objet vu senger Aart am Universum. D'Strukture vum Niwwel gläichen enger Spann a ginn dem Objet sou hiren Numm.

Weider fënnt een am Dorado vill Galaxien, déi ganz wäit ewech leien, z. B.: NGC 1549, NGC 1553, NGC 1566 an den NGC 1672.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: Dorado – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads