Doris Sander

däitsch Molerin From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Doris Sander, gebuer de 16. Mee 1958 zu Dorsten am däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen, ass eng däitsch Molerin, déi eng laang Zäit zu Lëtzebuerg gewunnt a geschafft huet.

Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Aktivitéit ...
Remove ads

Liewen a Wierk

D'Doris Sander huet Konscht a Biologie zu Köln studéiert. No hirem Studium huet si sech 1987 zu Lëtzebuerg néiergelooss[1] an ass dem Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) bäigetrueden. Vun 1987 un huet si bis 2016 bal all Joer um Salon du CAL matgemaach.[2] 1988 krut si do de Prix d'encouragement aux jeunes artistes.

Ufank der 2000er huet si mat de Kënschtlerinne Pina Delvaux, Gudrun Bechet a Flora Mar de Kollektiv "Autour du bleu" gegrënnt, dee mat Installatiounen a Performancen aktiv war.[3],[4]

2015 ass si nees zréck op Köln geplënnert.[5] Virdrunn hat si scho reegelméisseg a Portugal ausgestallt.[6]

Remove ads

Ausstellungen

(onkomplett)

  • 2002: The distance from here an der Galerie Dominique Lang zu Diddeleng

Referenzen

  1. artcollection-dudelange.lu: Pina Delvaux (gekuckt de 14. Januar 2025)
  2. lequotidien.lu: Expo à Dudelange : tout sur la mère ! vum Mylène Carrière (31. Mee 2015)
  3. unikatschmuck-koeln.de: Zusammenspiel Doris Sander Christa Brunnett (gekuckt de 14. Januar 2025)
  4. galeries-dudelange.lu: Doris Sander (gekuckt de 14. Januar 2025)
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads