Eelef

natierlech Zuel From Wikipedia, the free encyclopedia

Eelef
Remove ads

Déi natierlech Zuel Eelef (11) ass d'Nofollgerin vun der Zéng an d'Virgängerin vun der Zwielef. Et ass déi klengst Primzuel mat zwou Stellen am Dezimalsystem an déi fënneft tëscht der Siwen an der Dräizéng. Et ass eng ongerued Zuel.

op ee Bléck Virgänger, Nofollger ...

Dat réimescht Zeeche fir d'Eelef ass XI.

Remove ads

Naturwëssenschaft

Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Eelef d'Uerdnungszuel vum Natrium.

De Wëllintekoup, och als Messier 11 bezeechent, ass en hellen oppene Stärekoup am Stärebild Scutum. Den NGC 11 ass eng Spiralgalaxie am Stärebild Andromeda.

Aneres

  • De Buschtaf K , ass den eelefte Buschtaf am laténgeschen Alphabet.
  • All Joer fänkt den däitsche Karneval den "Eelefte vum Eeleften um Eelef Auer Eelef" un an dauert bis Äschermëttwoch, soudatt dacks vun der "fënnefter Joreszäit" geschwat gëtt.
  • Hockey ass eng Ekippesportaart bei där zwou Mannschafte géinteneen untrieden. All Ekipp besteet aus eelef Spiller. Foussball ass e Ballspill bei deem zwou Ekippe vu jeeweils eelef Spiller openeentreffen.
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Eelef – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Eelef Definitiounen, Synonymmer an Iwwersetzungen
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads