Elbling
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Elbling ass eng Riefzort, déi op der Lëtzebuerger an däitscher Musel an a klenge Quantitéiten an anere Wéngerten ugebaut gëtt.[1] Fréier lëtzebuergesch Bezeechnunge ware Rhäin-Fränsch oder grénge Fränsch.
De Wäin ass saierbetount, huet wéineg Fruuchtzocker, a schmaacht sprëtzeg a fruuchteg.
Remove ads
Urspronk
Den Elbling kënnt ursprénglech aus dem Rhäin- an Neckardall, wou en als spontan Kräizung vu Weißer Heunisch an enger Traminer-Rief entstanen ass[2]. Op der däitscher Musel gëtt en och alt Kleinberger genannt.[3]
Wa fréier eng Importatioun aus der Réimerzäit ugeholl gouf, sou geet dat wuel op eng einfach Verwiesselung zeréck, wéinst der sproochlecher Noperschaft vun Alben/Elben mat de laténgesche Wierder Albuelis, Albuelos a Vitis alba.
Elbling gouf viraals wéinst senger Saier net nëmme fir d'Wäiproduktioun, mä och fir d'Desinfektioun vun Drénkwaasser geholl[4].
Remove ads
Lëtzebuerg
D'Riefzort war nach bis zum Éischte Weltkrich bal déi eenzeg déi zu Lëtzebuerg ugebaut gouf, net nëmmen op der Musel, mä och soss uechter d'Land, an de Gros gouf an Däitschland exportéiert fir zu Sekt verschafft ze ginn. Wéi de Pättchen Elbling awer an de Caféen ëmmer méi Konkurrenz krut, ass seng Popularitéit rapid gefall, a seng fréier Wéngerte sinn ë. a. fir Rivaner an Auxerrois geaffert ginn.
Op der Lëtzebuerger Musel gouf 2013 den Elbling op enger Fläch vun 93,11 ha ugebaut, wat nach 7,19 % vun der totaler Wäinubaufläch entsprécht[5]. Et gëtt dobäi net méi wéi fréier op reng Quantitéit, mä virun allem op Qualitéit gesat.
Remove ads
Kuckt och
- Wäibau
- Rhäifränsch asbl
Referenzen
- Larousse du Vin, Säit 323
- Heunisch x Fränkisch, e wichtege Genpool vun europäesche Riefzorten (Vitis vinifera L sativa), Regner F. ; Stadlbauer A. ; Eisenheld C. a Wein-Wissenschaft; ISSN 0375-8818, 1998, vol. 53, no3, Säiten 114-118
- Grundriss der allgemeinen ökonomisch-technischen Botanik, Säit 223
- Donnéeë vum Lëtzebuerger Wäibauinstitut „Das Weinjahr 2013 und seine Ernteergebnisse“, Säit 28 (Link op pdf-Dokument)]
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
