Ernie Reitz

lëtzebuergesch Resistenzlerin From Wikipedia, the free encyclopedia

Ernie Reitz
Remove ads

D'Ernestine ("Ernie") Reitz, gebuer den 23. Oktober 1905 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 25. Abrëll 1989 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Resistenzlerin.[1]

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...
Thumb
D'Stroosseschëld zu Esch-Uelzecht
Remove ads

Liewen

D'Ernie Reitz huet zesumme mat hirer Mamm an hirer Sëschter zu Esch an der Avenue de la Gare e Geschäft fir Spillgezei a Parzeläi gefouert. An der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich war si Member vun der Resistenzorganisatioun Letzeburger Ro'de Le'w (LRL) an huet Wueren a Liewensmëttel un ënnergedaucht Leit bei sech gelagert a verdeelt, an och, zesumme mat anere Leit, 25 Refraktären a Resistenzler, déi an der Minière Eisekaul verstoppt waren, ravitailléiert.[2]

Enn August 1944 gouf se zesumme mat hirer Mamm vun der Gestapo verhaft an am Gronn an de Prisong bruecht, mee glécklecherweis sinn e puer Deeg drop d'Amerikaner komm, fir Lëtzebuerg ze befreien, an si koumen nees fräi, ier s'an e KZ oftransportéiert konnte ginn.

Fir u si z'erënneren, huet den Escher Gemengerot de 25. Abrëll 1994 decidéiert, déi fréier Kleng Gaardestrooss am Quartier Al Esch no hir ze nennen.[3]

Remove ads

Um Spaweck

Referenzen

  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt.'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.195-196.
  2. Rue Ernie Reitz, L-4151
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads