Eurovision Song Contest 1965
10. Editioun vum Eurovision Song Contest From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den 10. Eurovision Song Contest (offiziell Gran Premio Eurovisione della Canzone), war den 20. Mäerz 1965 an Italien. D'Eurovisioun gouf dat Joer am Sala di Concerto della RAI zu Neapel organiséiert. D'Presantatrice war d'Renata Mauro.

Irland huet fir déi éischt Kéier matgemaach. Well awer Schweden dat Joer och nees derbäi war, ass d'Zuel vun de Länner op 18 eropgaangen.
D'Ofstëmmung ass d'selwecht gelaf wéi 1964: An all Land souzen 10 Jurysmemberen. Jiddwer Member vum Jury huet 3 Punkten op seng 1, 2 oder 3 bescht Lidder verginn. D'Punkte sinn zesummegezielt ginn an déi 3 bescht Lidder si mat 5, 3, 1 Punkte bewäert ginn. Wann nëmmen 1 Lidd vun der Jury als bescht gewielt gouf, krut et 9 Punkten, wann 2 Lidder vun der Jury gewielt goufen, krute se 6 an 3 Punkten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Neapel iwwermëttelt.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Lëtzebuerg, d'France Gall mat 6 Punkte Virsprong virum Kathy Kirby (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut de Guy Mardel, dee fir Frankräich ugetruede war.
Lëtzebuerg hat domat fir d'zweet Kéier gewonnen. D'Gewënnerlidd, vum Serge Gainsbourg komponéiert, ass e groussen Erfolleg ginn, war awer zimmlech ëmstridde wéinst sengem zweedäitegen Text an d'France Gall wollt spéider näischt méi dervu wëssen.
Remove ads
Klassement
Remove ads
Um Spaweck
- Den Optrëtt vum France Gall um Eurovision Song Contest 1965
- Eurovision.tv
- Eurovision.de
- diggiloo.net
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads