Monaco

Staat an Südeuropa From Wikipedia, the free encyclopedia

Monaco
Remove ads

D'Fürstentum Monaco ass e Staat an Europa, an zwar eng Enklav am franséischen Territoire, um Bord vum Mëttelmier, ëstlech vun Nice, net wäit vun der italieenescher Grenz. Seng Küst laanscht d'Mëttelmier ass ronn 4 km laang. Monaco huet eng Fläch vun 202 ha an 32.020 Awunner (Vollekszielung 2000). Mat bal 16.000 Awunner pro km² ass Monaco deen dichtbesidelste Staat op der Welt.

Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Principauté de Monaco

Thumb

Thumb

Detailer

Detailer
National Devise: Deo Juvante
(lat.: "Mat der Hëllef vum Herrgott")
Thumb
Offiziell Sprooch: Franséisch
Haaptstad: Monaco
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
  Fürst: Albert II. vu Monaco
  Premierminister: Isabelle Berro-Amadeï
Fläch: 2,02[1] km²
Bevëlkerung: 32 020[2]
  Bevëlkerungsdicht: 15 851/km²
Onofhängegkeet: vun der Republik Genua,
den 8. Januar 1297
Nationalfeierdag: 19. November
Nationalhymn: Monegassesch Hymn
(Lauschteren)
Wärung: Euro (EUR)
Zäitzon: UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD: .mc
Internationalen
Telefonsprefix
:
+377
Thumb
Thumb
Vue op Monte Carlo a säin Hafen

Säin Numm kënnt vun de griichesche Siidler hier, déi sech am 5. Joerhonnert v. Chr. um haitegen Territoire vu Monaco néiergelooss hunn. Zu Éiere vum Herakles "Monoikos" hate si nämlech en Tempel gebaut. Doraus ass d'Bezeechnung Monaco entstanen.

Haut wunnen zu Monaco net nëmme Monegassen, mä och vill räich Leit vun iwwerall, déi sech aus steierleche Grënn do néiergelooss hunn.

Monaco ass praktesch nëmmen eng Stad, déi verwaltungsméisseg aus 6 Deeler besteet. Een dovun, de bekanntsten, ass Monte Carlo.

Vun der Fläch hier ass Monaco nom Vatikanstad dee klengsten, awer dichtbesidelste Staat vun der Welt.

Remove ads

Sprooch

Monaco huet zwar seng eege Sprooch (Monegassesch), e romaneschen Dialekt, mä déi offiziell Sprooch ass Franséisch.

Thumb
De Prënzepalais um Rocher
Thumb
De Casino vu Monte Carlo

Um Spaweck

 Commons: Monaco – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Lescht Vollekszielung vun 2000.
    Vun den 32 020 Awunner waren der 6089 Monegassen.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads