Eurovision Song Contest 1983
28. Eurovision Song Contest From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den 28. Eurovision Song Contest war den 23. Abrëll 1983 an Däitschland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Rudi-Sedlmayer-Halle zu München. Presantatrice war d'Marlène Charell.

Am Ganzen hunn 20 Länner matgemaach. Malta, Monaco an Irland waren net dobäi.
Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier derbäi, de Guy Bonnet fir Frankräich 1970 an de Jahn Teigen fir Norwegen 1978 a 1982.
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Harrogate matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Lëtzebuerg, d'Corinne Hermès, mat 6 Punkte Virsprong virum Ofra Haza (Israel). Déi drëtt Plaz krut d'Carola, déi fir Schweden ugetruede war.
Fir Lëtzebuerg war et déi fënneft Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.
Remove ads
Klassement
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Eurovision Song Contest 1983 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads