Eurovision Song Contest 2003
48. Editioun vum europäesche Museksconcours From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den 48. Eurovision Song Contest war de 24. Mee 2003 a Lettland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Saku Suurhall zu Riga. Presentateure waren d'Marie N an de Renars Kaupers.

Fir d'Zuel vun de Länner ze reduzéiere sinn d'Plaze vun de leschte 5 Joer gekuckt ginn an déi mat de mannste Punkte hu missen e Joer Paus maachen. Betraff vun dëser Reegel waren d'Republik Mazedonien, Finnland, d'Schwäiz, Litauen an Dänemark. Lëtzebuerg huet scho wéi déi 9 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, Ungarn, an d'Slowakei hu fräiwëlleg net matgemaach. D'Ukrain ass nei derbäikomm. Am Ganzen hu 26 Länner matgemaach. Dat war déi bis dohi gréissten Zuel u Länner déi matgemaach hunn.
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun. An de meeschte Länner ass den Televoting duerch d'Spectateure benotzt gi fir ofzestëmmen. A Polen ass SMS benotzt ginn. Bosnien an Herzegowina, Irland a Russland hunn eng Jury fir d'Ofstëmmung benotzt. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Riga matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun der Tierkei, d'Sertab Erener mat 2 Punkte Virsprong virun Urban Trad (Belsch). Déi drëtt Plaz krut den Duo t.A.T.u., dee fir Russland ugetruede war.
Fir d'Tierkei war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.
Remove ads
Klassement
De Gewënner an déi gréng markéiert Länner waren am Joer drop (2004) automatesch fir d'Finall qualifizéiert.
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Eurovision Song Contest 2003 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads