Eurovision Song Contest 2019

64. Editioun vum europäesche Museksconcours From Wikipedia, the free encyclopedia

Eurovision Song Contest 2019
Remove ads

De 64. Eurovision Song Contest hat seng zwou Halleffinallen de 14. a 16. Mee, a seng Finall den 18. Mee 2019 am Tel Aviv Convention Center zu Tel Aviv an Israel.

Méi Informatiounen 64. Eurovision Song Contest ...

Wéi schonn déi Jore virdrun huet Lëtzebuerg drop verzicht, fir matzemaachen[1].

De Gewënner war den Duncan Laurence aus Holland.

Remove ads

Halleffinallen

1. Halleffinall

Déi éischt Halleffinall war de 14. Mee 2019.

Déi genee Punkteverdeelung gouf eréischt no der Finall bekannt gemaach fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.

Ofstëmmungsberechtegt bei där Halleffinall waren d'Länner déi matgemaach hunn an zousätzlech Frankräich, Israel a Spuenien.

Méi Informatiounen Plaz, Startnr. ...


2. Halleffinall

Déi zweet Halleffinall war de 16. Mee 2019.

Déi genee Punkteverdeelung gouf eréischt no der Finall bekannt gemaach fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.

Ofstëmmungsberechtegt bei där Halleffinall waren d'Länner déi matgemaach hunn an zousätzlech Däitschland, Italien a Groussbritannien.

Méi Informatiounen Plaz, Startnr. ...


Remove ads

Finall[2]

D'Finall war den 18. Mee 2019.

Déi 26 Länner an der Finall waren:

  • Déi "Grouss 5" (Big-5) Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Groussbritannien
  • D'Gaaschtland (Israel)
  • Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall
  • Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall

Am Fall vu Punktegläichheet huet dee mat der héchster Eenzelwäertung gewonnen. Ofstëmmungsberechtegt bei der Finall waren all 41 Länner déi matgemaach hunn.

Méi Informatiounen Startnr., Land ...
Remove ads

Opruff zum Boykott

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

A Frankräich, Irland, Island, a Schweden an am Vereenegte Kinnekräich gouf et e groussen negativen Echo wéi bekannt gouf datt 2019 den ESC an Israel wier, virun allem wéinst dem Palestina-Konflikt. D'lénks Aktivisten an dëse Länner haten zum Boykott opgeruff. Schlussendlech maache s'awer beim ESC mat.

Um Spaweck

 Commons: Eurovision Song Contest 2019 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Méi Informatiounen Lissabon (Portugal), Rotterdam (Holland) ...

Referenzen

  1. (en) Grand Final of Tel Aviv 2019. Eurovision.tv. Gekuckt de 05.05.2021.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads