Eurovision Song Contest 2022
66. Editioun vum europäesche Museksconcours From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De 66. Eurovision Song Contest (gekierzt ESC) war vum 10. bis de 14. Mee 2022 am PalaOlimpico an der italieenescher Stad Turin, nodeems déi italieenesch Rockband Måneskin mam Lidd Zitti e buoni den Eurovision Song Contest 2021 zu Rotterdam gewonnen huet.[2] Et war déi drëtt Kéier, datt Italien de Concours organiséiert.
De Gewënner war d'Band Kalush Orchestra aus der Ukrain mat 631 Punkten.
Remove ads
Halleffinallen

Den 20. Oktober 2021 huet d'European Broadcasting Union (EBU) ugekënnegt datt 41 Länner beim Concours 2022 matmaachen. D'Lëscht enthält all d'Länner déi um Concours 2021 deelgeholl hunn, souwéi Armenien a Montenegro, déi allebéid am Joer 2019 deelgeholl hunn.[3]
No der russescher Invasioun an der Ukraine de 24. Februar 2022 huet d'EBU erkläert, datt d'Participatioun vu Russland inkompatibel wier mam Geescht vum Concours, wouropshin déi russesch Sendere d'EBU verlooss hunn.[1][4]
1. Halleffinall
Déi éischt Halleffinall war den 10. Mee 2022 um 21:00 Auer (MESZ). An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.
Frankräich an
Italien, souwéi déi 17 Länner déi matgemaach hunn, haten d'Walrecht an dëser Halleffinall.
2. Halleffinall
Déi zweet Halleffinall war den 12. Mee 2022 um 21:00 Auer (MESZ). An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.
Däitschland,
Spuenien an d'
Vereenegt Kinnekräich, souwéi déi 18 Länner déi matgemaach hunn, haten d'Walrecht an dëser Halleffinall.
Remove ads
Finall
D'Finall war de 14. Mee 2022 um 21:00 Auer (MESZ).
Déi 25 Länner an der Finall waren:[5]
- Déi „5 Grouss“ (Big-5) Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Groussbritannien;
- Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall;
- Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall.
Am Fall vun engem ex aequo huet dee mat der héchster Eenzelwäertung gewonnen. An der Finall war all Land dat matgemaach huet, berechtegt seng Stëmm ofzeginn.
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Eurovision Song Contest 2022 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- (en) European Broadcasting Union (EBU), EBU Statement on Russia in the Eurovision Song Contest 2022. www.ebu.ch (25.02.2022). Gekuckt den 09.03.2022.
- (en) Turin, Italy, to host the 66th Eurovision Song Contest in May 2022 🇮🇹. Eurovision.tv (08.10.2021). Gekuckt den 08.10.2021.
- (en) Participants of Turin 2022. Eurovision.tv. Gekuckt den 09.03.2022.
- (de) Max, Nach Ausschluss vom ESC: Russische Sender treten aus der EBU aus. ESC kompakt (26.02.2022). Gekuckt den 09.03.2022.
- (en) Grand Final of Turin 2022. Eurovision.tv. Gekuckt de 15.05.2022.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads