F91 Diddeleng

lëtzebuergesche Foussballclub From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den F91 Diddeleng ass e lëtzebuergesche Foussballclub aus der Stad Diddeleng. De Veräin ass 1991 aus der Fusioun vun den dräi Diddelenger Foussballveräiner, Stade Diddeleng, US Diddeleng an CS Alliance Diddeleng entstanen. Ee vun den Haaptinitiateure vun där Fusioun war de fréiere Buergermeeschter a Stadesspiller Nicolas Birtz.

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Méi Informatiounen Offiziellen Numm:, Veräinsfaarwen: ...

E Supporter- a Fanclub vum F91 Diddeleng ass de Fanatics 04 Diddeleng.

De 17. Juli 2012 huet den F91 Diddeleng an der zweeter Qualifikatiounsronn vun der UEFA Champions League 1:0 géint den éisträichesche Meeschter a Pokalgewënner Red Bull Salzburg gewonnen. De 24. Juli hu se am Réckspill 3:4 verluer. Trotzdeem si se fir d'éischt Kéier an déi drëtt Qualifkatiounsronn vun der Champions League komm.[1]

Den 30. August 2018 huet den F91 Diddeleng sech, als éischt lëtzebuergesch Ekipp iwwerhaapt, fir d'Gruppephas vun der Europa League qualifizéiert.[2]

Den 13. Dezember 2012 ass den F91 Diddeleng zur Sportsekipp vum Joer gewielt ginn.[3]

Remove ads

Geschicht

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Thumb
Geschicht

...

Vun den 1990er Jore bis 2020 huet de Bauentrepreneur Flavio Becca Milliounen an de Veräin investéiert, deem säi Budget Enn vun den 2010er Jore bei enger 3 Milliounen Euro am Joer läit. Dat erméiglecht et, 20 Spiller op Profi-Basis z'engagéieren.[4]

Terraine vum Veräin

Den F91 Diddeleng huet dräi Terrainen:

  • Stade Jos Nosbaum, Um Däich de fréieren US-Terrain op deem déi éischt Ekipp hir Championnats- Coupe- an international Matcher spillt, benannt nom fréieren Diddelenger Jeeër a Cafésbësetzer Jos. Nosbaum.
  • Stade Aloyse Meyer, de fréiere Stades-Terrain, deen als Trainingsterrain benotzt gëtt
  • Stade Amadéo Barozzi, de fréieren Alliance-Terrain am Quartier Italien
Remove ads

Nationale Palmarès

Lëtzebuerger Championnat:

  • Champion (16x): 1999-00, 2000-01, 2001-02, 2004-05, 2005-06, 2006-07, 2007-08, 2008-09, 2010-11, 2011-12, 2013-14, 2015-16, 2016-17, 2017-18, 2018-19, 2021-22

Coupe de Luxembourg:

  • Gewënner (7x): 2003-04, 2005-06, 2006-07, 2008-09, 2015-16, 2016-17, 2018-19
  • Finalist (6x): 1992-93, 1993-94, 2001-02, 2010-11, 2014-15, 2021-22

Europäesch Kompetitiounen

Méi Informatiounen Saison, Kompetitioun ...
Q: Qualifikatiounsronn; PO: Play-Off-Ronn; GP: Gruppephase
Remove ads

Kuckt och

Den zweefache Foussballspiller vum Joer Joris Di Gregorio (2006, 2007)

Um Spaweck

(fr) (de) Websäit vum F91 Diddeléng

Referenzen

  1. "Historisch und Prost." wort.lu, 31. Augtust 2018.
  2. Pol Schock: "Jorelaang hu mir gewaart. Die Fußballschule und der Mäzen: Wi der luxemburgische Fußball sich schleichend professionalisiert." d'Lëtzebuerger land Nr.38, 20. September 2020, S.2-3.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads