Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg

From Wikipedia, the free encyclopedia

Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg
Remove ads

D'Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg, kuerz FNEL, ass déi laizistesch Scoutsorganisatioun vu Lëtzebuerg. D'FNEL gouf den 30. Juli 1916 am Café du Commerce an der Stad vun eenzele Scoutsgruppe gegrënnt.

Thumb
Logo vun der FNEL

Geschicht

Thumb
Logo vun der FNEL bis 2008

1916: Den 30. Juli gëtt Fédération nationale des éclaireurs du Luxembourg grënnt, mat dem Zil, eenzel Scoutstruppen am ganze Land zu grënnen.

1919: D'FNEL zitt vill Memberen aus dem antiklerikalen Aarbechtermileu un a gëtt sech dowéinst laizistesch Statuten.

1966: D'Fédération nationale des éclaireurs du Luxembourg hëlt och Meedercher an hir Beweegung op.

1976: D'Federatioun gëtt sech hiren neien Numm Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg.

2008: De fréiere Logo mat den heednesche Symboler (deemools en Zeeche géint déi chrëschtlech Scoute vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten) gëtt duerch en neien, neutrale Logo ersat an nei, gro Hiemer ginn agefouert.

2012: D'AGGL, Association of Girl Guides of Luxembourg, gëtt un d'FNEL affiliéiert.

Remove ads

Ziler an Aktivitéiten

"But the real way to get happiness is by giving out happiness to other people.
Try and leave this world a little better than you found it...[1]
"

Robert Baden-Powell

D'FNEL wëllt dozou bäidroen datt jonk Leit hir eegen Entwécklung selwer an d'Hand huelen, fir datt si sech zu selbstänneg, responsabel an engagéiert Bierger entwéckelen. D'FNEL bitt de verschiddenen Altersgruppen ugepasste Programmer un, déi sech haaptsächlech a klengen Ekippen an der Natur ofspillen. D'Motto vun der FNEL ass: "Trei zum Land". D'FNEL ass fir jiddwereen op.

D'Aktivitéite vun der FNEL baséieren op Wäerter a Methode vum Scoutissem:

  • Frëndschaft
  • Solidaritéit
  • Toleranz
  • Demokratie
  • Spill a Spaass
  • Learning by doing
  • Benevolat

Dozou gehéiere geméiss den Iddie vum Baden-Powell och d'Scoutsverspriechen an d'Scoutsgesetz[2]:

De Scout engagéiert sech fräiwëlleg fir d'Wäerter an d'Ziler vum Scoutissem.
Remove ads

Opbau vun der FNEL

Thumb

Gruppen

D'FNEL besteet aus ënnerschiddlech grousse Gruppen, déi geographesch organiséiert sinn. Déi meescht Gruppe benenne sech no engem Déier.

Méi Informatiounen Uertschaft, Numm ...

Branchen

Déi eenzel Gruppen hirersäits bestinn aus de follgende Branchen:

BeaverMeedercher a Jonge vu 6 bis 8 Joer
WëllefcherMeedercher a Jonge vun 8 bis 11 Joer.
Scouten / GuidenMeedercher a Jonge vun 11 bis 15 Joer
ExplorerJonker tëscht 15 an 18 Joer.
RoverErwuessener tëscht 19 bis 26 Joer

Direktiounskommitee

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Den Direktiounskommitee besteet aus de Commissairen an Adjointe vun den ënnerschiddleche Commissariater souwéi dem Nationalpresident, dem Generalsekretär a Generaltresorier. Aktuell[Stand:15. Mäerz 2020] si follgend Scoute Member vum CoDir:

Méi Informatiounen Funktioun, Numm ...

De CoDir gesäit sech eemol de Mount a geréiert den Alldag vun der Fédératioun. De Comité de Direction kuckt no de Gruppen, dem Programm, der Formatioun, de Finanzen, de Kaderen, der Kommunikatioun, dem Internationalen an der Strategie a sicht nei Léisunge fir d'Fédératioun nohalteg no vir ze bréngen.

Amicale

D'Amicale vun der FNEL besteet aus fréiere Memberen, Elteren a Frënn. Si organiséiert Fester a gëtt der Organisatioun finanziell Hëllef.

Remove ads

Formatioun

D'Cheffe vun der FNEL schaffe benevol. Si maachen eng vum Staat unerkannte Formatioun[3] vu ronn 12 Deeg, déi sech iwwer 2 Joer erstrecken.

D'Formatioun besteet aus prakteschen an theoreetesche Coursen, z. B.:

  • Wéi organiséieren ech e Camp, eng Versammlung?
  • D'Entwécklung vum Kand oder vum Jugendlechen.
  • Animatioun
  • Administratioun
  • Kommunikatioun
  • Naturpedagogik
  • Scoutstechniken:
    • Kaart a Kompass
    • Hygiène
    • Spiller
    • Lidder
    • Bastelen
    • Kniet
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. "... and when your turn comes to die, you can die happy in feeling that at any rate you have not wasted your time but have done your best". Dëst ass en Auszuch aus Notizen, déi nom Baden-Powell sengem Doud fonnt gi sinn. Cf. d'Notizen op wikisource
  2. D'Scoutsgesetz ass keen Zwang, mä weist him d'Ziler déi hie soll ustriewen.
  3. De Brevet d'animateur respektiv de Brevet d'aide animateur.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads