Falcon 9
US-amerikanesch Rakéit From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Falcon 9 ass eng US-amerikanesch Drorakéit, déi vun der Firma SpaceX entwéckelt gouf. Si baséiert technesch op der klenger Falcon 1, awer amplaz vun engem eenzelen Dreifwierk an der éischter Stuf, ginn néng Stéck gebraucht. Am Kader vum COTS-Programm soll d'Rakéit d'Dragon-Raumschëff an den Äerdorbit bréngen. Donieft gëtt si och fir kommerziell Starter ugebueden. Den éischten erfollegräiche Fluch war am Juni 2010.


Duerch Montage vun zwou weideren Éischtstufen als Booster un déi éischt Stuf vun der Falcon 9 entsteet d'Falcon Heavy. Bei där besteet d'Méiglechkeet datt den Dreifstoff vun de Boosteren och déi éischt Stuf alimentéiert, soudatt déi éischt Stuf eréischt kuerz virum Oftrenne vun de Boosteren op déi eegen Tanken ëmschalte muss. Den éischte Start vun enger Falcon Heavy war fir den Oktober 2016 virgesinn, gouf awer dunn op den November 2017 zeréckgesat[1].
Remove ads
Geschicht

Am September 2005 hat SpaceX bekannt ginn, datt si eng nach méi staark Drorakéit déi méi dacks kéint gebraucht ginn, ënner der Bezeechnung Falcon 9 entwéckele wëll. Déi éischt Stuf vun der Falcon 9 v1.0 benotzt néng Merlin-1C-Dreifwierker a quadratescher Andeelung, déi zweet Stuf en eenzelt Merlin-1C-Dreifwierk mat enger vergréisserter Ausstréimungsdüs. Ufanks war mat der Falcon 5 e weidere Modell geplangt, mat deem senger Entwécklung awer an der Tëschenzäit zu Gonschte vun der méi grousser Falcon 9 opgehale gouf. D'Rakéit mat hiren néng Dreifwierker ass och bei Ausfall vun engem Dreifwierk a jiddwer Fluchphas vun der ënneschter Stuf ze manövréieren. De 4. Juni 2010 war no ville Verréckelungen de Start vun der Falcon 9 um Cape Canaveral AFS Launch Complex 40. Si hat den Äerdorbit erreecht an hat déi éischt Stuf ogetrennt. D'Notzlaaschtkapazitéit vun der éischter Falcon 9 v1.0-Versioun louch bei ongeféier 10.000 kg fir en niddregen Orbit (LEO). Dës Versioun gouf schonn no fënnef Starte mat der méi leeschtungsstaarker Versioun v1.1 ersat. Bei där Ausbaustuf ginn déi méi staark Merlin-1D-Dreifwierker benotzt. De méi héije Schub erlaabt et elo och méi Dreifstoff matzehuelen. Dofir goufen d'Tanke vun der éischter an zweeter Stuf verlängert. D'Dréifwierker vun der éischter Stuf sinn elo an engem Rank vun aacht Dreifwierker ëm en zentraalt Dreifwierk gruppéiert. Vu SpaceX gëtt dës Opstellung als Octaweb bezeechent. Mat dëser Versioun goufen éischt Versich gemaach, fir déi éischt Stuf no hirer Trennung vun der Uewerstuf kontrolléiert ze landen, wat awer net gelonge war.
Am Laf vum Joer 2015 goufe weider Verbesserunge vun der Falcon 9 ugekënnegt. D'Merlin-1D-Dreifwierker krute méi Schub, wat nees méi eng héich Dreifstoffkapazitéit verlaangt. Dëst gëtt engersäits duerch Ënnerkillung a sou héijer Dicht vum Kerosin a flëssegem Sauerstoff fir béid Stufe an anerersäits duerch vergréissert Tanken an der Uewerstuf erreecht. Dës Versioun gëtt inoffiziell als v1.2 oder v1.1 Full Thrust bezeechent, en offiziellen Numm ass net bekannt. Och ënnerscheede sech d'Notzlaaschtdonnéeën net vun der v1.1. Den éischte Start war den 21. Dezember 2015 nom Feelstart am Juni 2015. Fir d'éischt ass et gelongen, de Réckfluch vun der éischter Stuf erfollegräich ze landen.
Et ass eng nach méi staark Versioun vun der Falcon 9 geplangt, déi zwou weider Falcon-9-Éischtstufen änlech der Delta IV Heavy als Booster benotze soll. Dës Variant (Falcon Heavy) soll 53.000 kg an e niddregen Orbit transportéiere kënnen an tëscht 77 Millioune an 135 Milliounen US-Dollar pro Missioun kaschten. Duerch déi stänneg Weiderentwécklung vun der normaler Falcon 9 verspéit sech d'Entwécklung vun dëser Heavy-Versioun, en éischte Start ass 2016 méiglech.
Tëschefäll
- Beim véierte Start den 8. Oktober 2012 war bei der Falcon 9 no 1 Minutt an 19 Sekonne en Dreifwierk an der éischter Stuf ausgefall. Déi eenzel Dreifwierker am Cluster vun der éischter Stuf sinn duerch Kevlarëmmantelunge geschützt, soudatt déi aner Dreifwierker duerch d'Explosioun vun deem Dreifwierk net beschiedegt goufen. Fir e symmetresche Schub ze kréien, gouf d'Dreifwierk dat vis-à-vis läit automatesch ofgeschalt. Wéinst enger verlängerter Brenndauer vun deenen aneren Dreifwierker an der zweeter Stuf konnt trotzdeem de geplangten Orbit fir d'Haaptnotzlaascht Dragon erreecht ginn. Duerch d'Sécherheetsreegele fir d'ISS konnt awer d'Sekundärnotzlaascht, de Satellit „Orbcomm FM44“, net méi op deem seng, méi héich Ëmlafbunn bruecht ginn. Sou gouf de Satellit op enger méi niddreger Bunn, wéi virgesinn, ausgesat a war dräi Deeg méi spéit vergloust. Doduerch war dëse Start vun der Falcon 9 nëmmen en Deelerfolleg.
- Beim sechste Start vun der Falcon 9 an zugläich éischte Start vun der verbesserter Versioun v1.1 konnten den 29. September 2013 d'Primärnotzlaascht CASSIOPE an en ettlech kleng Sekundärnotzlaaschten erfollegräich op hir geplangt Bunnen ausgesat ginn. Nom Aussetze vun de Notzlaaschte war geplangt, déi zweet Stuf nach eng Kéier ze zünden, fir d'Neeszündfäegkeet am Orbit ze demonstréieren, déi fir Starten an eng geostationär Transferbunn noutwendeg ass. Bei der neier Zündung gouf et awer eng Explosioun am Dreifwierk, an d'Stuf gouf zerstéiert.
- De schwéiersten Tëschefall an éischten Totalverloscht war den 28. Juni 2015 beim 19. Start vun enger Falcon 9. 2 Minutten an 19 Sekonne nom Start – kuerz virun der geplangter Ofkopplung vun der éischter Stuf an Zündung vun der zweeter Stuf – war de Sauerstofftank vun der zweeter Stuf explodéiert an hat dobäi déi Stuf demoléiert. D'Notzlaascht an d'Dragonkapsel sinn ewechgebrach. Den Trunk (drocklose Frachtdeel vum Dragon) an de Kopplungsadapter IDA fir d'ISS, dee fir d'Kopplung vun den neie bemannten CCDev-Raumschëffer mat der ISS dénge sollt, goufen zerstéiert. D'Dragonkapsel hat ufanks den Onfall iwwerstanen an nach weider Telemetriedate gesent, gouf awer méiglecherweis beim Opschlag um Ozean zerstéiert.
Den 20. Juli 2015 huet den Elon Musk bekannt ginn, datt warscheinlech en Hollem gerass war, mat deem den Heliumtank um Sauerstofftank festgemaach war. Den Heliumtank ass dunn an d'Luucht geschoss, wat zu engem Verloscht vun der struktureller Integritéit gefouert huet. Den Hollem soll bei 20 % vun der zertifizéierter Laascht gerass sinn. SpaceX konnt de Virgank bei enger Testrei novollzéien.
Remove ads
Technesch Donnéeën
Remove ads
Startlëscht
Dëst ass eng komplett Startlëscht vu Falcon-9-Rakéiten. Stand vun der Lëscht: 1. Januar 2016.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Falcon 9 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) SpaceX: Falcon 9
- (en) SpaceX: Falcon Heavy
- Bernd Leitenberger: Falcon 9
- Bernd Leitenberger: Die Falcon Heavy
- (en) Gunter's Space Page: Falcon 9 family
- Bernd Leitenberger: Artikel über die Starts der Falcon Raketen
Referenzen
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
