Francofolies

From Wikipedia, the free encyclopedia

Francofolies
Remove ads

D'Francofolies sinn eng Rei Museksfestivallen a verschiddene Stied, bei deenen haaptsächlech franséisch a franséischsproocheg Kënschtler optrieden. Zënter 2018 gëtt et eng Editioun zu Esch-Uelzecht.

Thumb
D'Bün bei de Francofolies de Spa am Joer 2010

Geschicht

De Festival gouf 1985 zu La Rochelle vum Jean-Louis Foulquier, als Hommage un déi franséisch Musek, an d'Liewe geruff. Zënterhier gëtt en all Joer iwwer fënnef Deeg organiséiert. En zitt all Joer ronn 150.000 Leit un.

1989 gouf de Festival fir d'éischt Kéier zu Montréal organiséiert, zwee Joer méi spéit zu Blagoewgrad a Bulgarien an 1994 dunn och nach zu Spa. Zënter 2017 gëtt et de Festival och op den Insele La Réunion an Neikaledonien, and zënter 2018 zu Esch-Uelzecht. Zesumme bilden all déi Festivallen d'Konfederatioun vun de Francofolies.

Donieft gouf et och kuerzlieweg aner Ausgaben an anere Stied, dorënner zu Berlin, Buenos Aires, Santiago de Chile, Kinshasa a Genève.[1]

Remove ads

Francofolies Esch-Uelzecht

Editioun 2018

Déi éischt Editioun vun den Escher Francofolies war de 6. bis den 8. September 2018. Et war eng kleng Testeditioun, mat engem ausverkaafte Concert vum franséische Sänger Julien Clerc (an dem Julien Arpetti als Opener) am Escher Theater.[2] De Concert vun der franséischer Rockband Shaka Ponk (mat Versus You a Mat Bastard als Opener) an der Rockhal gouf wéinst engem Accident ofgesot. En "Open Stage" op der Gemengeplaz huet wéineg Leit ugezunn, well zur selwechter Zäit och den Escher Kulturlaf war. Nëmme beim Ofschlossconcert vu Seed to Tree waren dunn awer nach ronn 300 Zuschauer present.[3]

Ofgesoten Editioun 2020

Eng zweet Editioun war fir de Juni 2020 geplangt, mee gouf wéinst der COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg ofgesot.[4]

Editioun 2021

Déi zweet Editioun war du vum 11. bis zum 13. Juni 2021, mat der Haaptbün um Gaalgebierg. E puer Concerte waren och am Escher Theater an an der Kulturfabrik. Ënner anerem déi franséisch Kënschtler Philippe Katerine, Camélia Jordana, Feu! Chatterton, Yseult, Sébastien Tellier, Hervé, P.R2B an Terrenoire sinn opgetrueden. Donieft waren och d'Schwäizerin Chilla, d'Belsch David Numwami a Meskerem Mees an d'Lëtzebuerger Ryvage, Napoleon Gold, Nicool an Chaild derbäi.[5]

Editioun 2022

Tëscht dem 8. an dem 12. Juni 2022 war déi drëtt Ausgab vun den Escher Francofolies. De Festival huet sech am Kader vun Esch 2022 ofgespillt. Nieft dem Gaalgebierg, dem Escher Theater an der Kulturfabrik ware fir d'éischt Kéier och Evenementer am Zentrum L'Arche zu Villerupt. 15.000 Zuschauer waren 2022 dobäi.[6]

Follgend Kënschtler sinn opgetrueden:

  • PNL
  • Damso
  • Clara Luciani
  • Grand Corps Malade
  • Roméo Elvis
  • Juliette Armanet
  • Eddy de Pretto
  • Gaël Faye
  • Hoshi
  • Aldebert
  • Ibeyi
  • Bon entendeur
  • Vladimir Cauchemar
  • Mezerg
  • Thylacine
  • Sofiane Pamart
  • Lujipeka
  • Alcest
  • Noé Preszow
  • Charles
  • Lucie Antunes & Collectif Scale
  • La Jungle
  • Regarde les hommes tomber
  • Francis of Delirium

Editioun 2023

Déi véiert Editioun war tëscht dem 8. an dem 11. Juni 2023. Ronn 25.000 Persoune waren am Public, dovu koum d'Hallschent aus Frankräich.[7]

De Festival krut de Label "Green Events" vum Ëmweltministère.[8]

Follgend Kënschtler sinn opgetrueden:

Méi Informatiounen Datum, Bühn ...
 Commons: Francofolies – Biller, Videoen oder Audiodateien
Remove ads

Referenzen

  1. paperjam.lu: Les Francofolies débarquent au Luxembourg vum Céline Coubray (5. Juli 2018)
  2. lequotidien.lu: Les Francofolies Luxembourg cherchent leur public vum Pablo Chimienti (10. September 2018)
  3. lequotidien.lu: Loïc Clairet, la voix des Francofolies vum Grégory Cimatti (14. Juni 2022)
  4. lequotidien.lu: Les Francofolies plantent leur tente à Esch vum Valentin Maniglia (13. Juni 2022)
  5. lequotidien.lu: Des Francofolies plus nature que jamais vum Valentin Maniglia (12. Juni 2023)
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads