Tuys

lëtzebuergesch Band From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Tuys ass eng lëtzebuergesch Band vun Diddeleng, déi 2007 gegrënnt gouf. Eegenen Aussoen no ass hire Stil Popmusek, déi mat Elementer aus verschiddenen anere Genre kombinéiert gëtt.

Séier Fakten Museksgenre, Land ...
Remove ads

Bandgeschicht

Tuys gouf 2007 vum Tun Biever (gebuer 1997), Sam Tritz (gebuer 1996) a Kay Gianni (gebuer 1996) zu Diddeleng gegrënnt. Am Summer 2011 ass de Bassist Laurent Thiry (gebuer 1996) derbäikomm. Ufanks huet d'Grupp Texter op Däitsch a Lëtzebuergesch geschriwwen a gesongen,[1] haut maache si dat awer nëmmen nach op Englesch.

2010,[2] 2011[3] an 2012 huet Tuys fir de Lycée Nic-Biever um Screaming Fields Festival an der Rockhal gespillt, wou si de Präis "Coup de Coeur du Centre de Resources" gewonnen hunn.[4] Si sinn ënner anerem och um Food For Your Senses, bei On Stéitsch an op der Fête de la Musique zu Diddeleng opgetrueden.[5] Donieft hu si 2010 bei der Sendung Wanns de eppes kanns! matgemaach.

Hir éischt Single "People" ass am September 2012 verëffentlecht ginn. Si gouf am Holtz-Studio zu Tënten opgeholl. D'Lidd huet et bis op d'Plaz Nummer 23 an de lëtzebuergeschen iTunes Charts an d'Plaz 4 am Eldoradio Chartbreaker gepackt.[6],[7] Tuys hunn hir Single och live am Ben's Club presentéiert.

Am November 2012 huet Tuys de Péitenger Concours Rock the South gewonnen.[8]

De Release vun hirer éischter EP war den 8. Mäerz 2013 an der Rockhal.

Am Juni 2013 gouf bekannt, datt de Laurent Thiry aus der Band austriede géif. De Yann Gengler (gebuer 1996), ënner anerem och Gittarist a Sänger vun de Bands Only 2 Sticks an Hard To Explain, spillt zënterhier d'Bassgittar fir Tuys.

Remove ads

Literatur

  • Steve Kugener: Freude am Spielen an der Revue Nr. 36 vum 7. September 2016, S. 44-47

Discographie

Albumen

  • 2018: Swimming Youth

EPen

  • 2013: People
  • 2015: Carousel
  • 2020: A Curtain Call for Dreamers

Singelen

  • 2012: People
  • 2014: Wayout
  • 2015: Dance
  • 2016: Capture
  • 2016: Maybe
  • 2017: Belong
  • 2017: Talk
  • 2020: Papaya
  • 2020: More Than an Account
  • 2020: Ketchup on My Own Knees (Hungry for More)
  • 2020: Jungle
  • 2020: Saturday Night
  • 2021: Muddy Beach

Um Spaweck

Referenzen

  1. Participatioun um Screaming Fields 2010 op rockhal.lu (gekuckt de 27. Dezember 2012)
  2. Participatioun um Screaming Fields 2010 op rockhal.lu (gekuckt de 27. Dezember 2012)
  3. Participatioun um Screaming Fields 2010 op fuze.lu (gekuckt de 27. Dezember 2012)
  4. Participatioun bei On Stéitsch 2012 op onsteitsch.lu (gekuckt de 27. Dezember 2012)
  5. "People" am Klassement vun Eldoradio (#4) (gekuckt de 27. Dezember 2012)
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads