Péitruss

lëtzebuergesch Baach From Wikipedia, the free encyclopedia

Péitruss
Remove ads

D'Péitruss ass eng Baach an de Gemenge Stad Lëtzebuerg, Bartreng an Dippech. Si huet hir Quell am Dippecherbësch op enger Héicht vun 345 Meter a leeft vu do un no Osten fir am Gronn op enger Héicht vun 245 m an d'Uelzecht ze lafen.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Baach Péitruss. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Péitruss (Homonymie).
Séier Fakten An anere Sproochen, Längt ...
Thumb
D'Péitruss ënner der Aler Bréck

Si ass 12.7 km laang an hir Niewebaache sinn d'Grouf, d'Albaach an d'Zéissenger Baach.

Den Numm kënnt vum laténgesche Wuert petrosus[1], wat op déi vill Steng (Lat.: petra[2] = Fiels, Steen) hiweist, déi viraals am Laf vun der Péitruss (rivus petrosus[3] an alen Dokumenter) ze fanne waren.

Bei der Administration de la gestion de l'eau huet d'Péitruss de Code N° 555.

Remove ads

De Péitrussdall an der Stad

Op hirem Wee duerch d'Stad leeft si duerch deen no hir genannte Péitrussdall, deen d'Uewerstad vum Garer Quartier trennt. Iwwerspaant gëtt dësen Dall vun zwou Brécken, der Aler Bréck an der Neier Bréck. Allgemeng gëtt deen als Park ugeluechte Péitrussdall „an der Péitruss“ genannt.

Vun Hollerech u fléisst d'Péitruss zanter 1933 an engem kënschtleche Bett, dat sou gebaut ass datt bei Nidderegwaasser just e Kullang mat Waasser gefëllt ass a bei Héichwaasser dat ganzt Bett. Beim Ofhuele vum Waasserspigel bleiwe keng Sedimenter leien, mä alles fléisst zeréck an de Mëttelkullang a gëtt mat weidergeholl.

Nieft dem Flossbett sinn nach Reschter vun der sougenannter Bourbons-Schleis[4] ze gesinn, déi 1728 gebaut gouf, fir den Dall iwwerschwemmen ze kënnen, am Fall wou d'Stad ugegraff géif.

Zanter enger Rei vu Joren hu Pläng bestanen, fir eng 20 Milliounen Euro d'Bett ze renaturéieren an d'Uwänner mat de Weeër nei unzeleeën[5]. De Projet vun enger Renaturéierung gouf den 8. Juli 2019 vum Stater Gemengerot ugeholl.

Dës Pläng gesi vir, d'Aarbechten an zwou Phasen ze maachen[6]:

  1. Déi éischt Phas, vun der Tilleschgaass bis bei d'Bourbons-Schleis soll Enn 2019 ufänken a bis 2025 fir d'Gaardenausstellung LUGA 2025 fäerdeg sinn. De previsionnele Budget läit bei 25,91 Milliounen Euro;
  2. D'Aarbechte vun der zweeter Phas, vun der Bourbons-Schleis bis bei d'Antwerpenerstrooss sollen nom Enn vun der LUGA, am Joer 2025 ufänken. De Budget fir dës Phas läit bei 14,99 Milliounen Euro.

Am Péitrussdall gouf 2016 de Skatepark Péitruss amenagéiert. Tëscht 2014 an 2020 ass en Zichelchen, d'Péitrussbunn, do gefuer.

Remove ads

Fotoen

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Péitruss – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Max Lemmer: "Die Petruss soll wieder natürlich werden". Luxemburger Wort Nr.303, 28. Dezember 2016, S.20.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads