Gaston Gibéryen

lëtzebuergeschen Politiker a Gewerkschaftler From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Gaston Henri Gibéryen, gebuer den 29. Juni 1950 zu Bur, ass e lëtzebuergeschen ADR-Politiker a fréieren NGL-Gewerkschaftler.

Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...

Hien ass zanter dem 13. Juli 1989 Deputéierten aus dem Walbezierk Süden an der Chamber a gouf zanterhier allkéiers, fir d'lescht bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018, erëmgewielt. Den 13. Oktober 2020 huet hien, no 31 Joer, säi Sëtz opginn; de Fred Keup ass fir hien nogeréckelt.[1]

Vum 1. Januar 1982 bis de 25. November 2005 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Fréiseng, an zanter dem 13. Mee 2006 ass en Éierebuergermeeschter.

Hie war vum 26. November 1989 bis den 12. Abrëll 2003 President vun der Neutraler Gewerkschaft Lëtzebuerg.

Remove ads

Gielercher

Um Spaweck

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads