Alternativ Demokratesch Reformpartei

politesch Partei zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

Alternativ Demokratesch Reformpartei
Remove ads

Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR) ass eng fräiheetlech-wäertkonservativ Lëtzebuerger politesch Partei.

op ee Bléck Ofkierzung, Nationalpresidentin ...

Op europäeschem Niveau ass d'ADR Member an der Partei Europäesch Konservativ a Reformisten. Zënter dem 22. Januar 2024 huet d'Partei mam Fernand Kartheiser ee Vertrieder an der Parlamentarescher Versammlung vum Europarot an ass do Member am Grupp vun den Europäesche Konservativen an Demokratesch Allianz (EC/DA).[1] De Jeff Engelen vertrëtt d'Partei am BeNeLux-Parlament an ass do, zesumme mat den CSV-Vertrieder, Member an der Chrëschtlecher Fraktioun.[2]

Remove ads

Geschicht

D'ADR gouf den 12. Mee 1987 als Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddwereen gegrënnt. Schonn 1989 gouf se an Aktiounskomitee 5/6 ëmbenannt. Si war eng Een-Theemepartei, déi mat enger eenzeger Fuerderung – gläichhéich Pensiounen an alle Secteuren – bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 ugetrueden ass a mat 4 Deputéiert an d'Parlament gewielt gouf.

Den 10. Oktober 1993, nodeems si den Numm erëm an Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet geännert hat, ass d'ADR a 7 Gemengeréit gewielt ginn. Den 12. Juni 1994, bei de Chamberwalen, huet d'ADR 1 Sëtz derbäigewonnen, a bei deene vum 13. Juni 1999 nach eng Kéier 2, soudatt se der ewell 7 hat. Bei de Gemengewale vum selwechte Joer koum d'ADR op 10 Gemengerotssëtz.

Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 huet d'ADR 2 Sëtz am Verglach zu virdru verluer. Och bei de Gemengerotswale vum 9. Oktober 2005 huet se manner Sëtz kritt wéi virdrun.

2006 huet si den Numm erëm gewiesselt an den aktuellen Numm ugeholl.

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 huet d'ADR 1 weidere Sëtz verluer a war ewell mat 4 Deputéiert an der Chamber vertrueden. Am Dezember 2012 hu souwuel de Jacques-Yves Henckes[3] wéi och de Jean Colombera[4] der Partei de Réck gedréint, fir Deputéiert ouni Partei ze ginn, soudatt just nach 2 ADR-Deputéiert iwwreg blouwen.

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 krut d'ADR 3 Mandater. Gewielt goufen de Gast Gibéryen, de Fernand Kartheiser an de Roy Reding. Bei deene vum 14. Oktober 2018 goufen déi dräi erëmgewielt, e véierte Sëtz goung un de Jeff Engelen.[5] Enn Juni 2023 huet d'Partei decidéiert, de Roy Reding net méi fir d'Chamberwale vum 8. Oktober opzesetzen, wouropshin dësen aus der ADR ausgetrueden ass.[6] 2023 krut d'ADR bei de Chamberwalen 5 Mandater[7].

Um Parteikongress vum 19. Mäerz 2022 gouf de Fred Keup mat 86 Jo- géint 4 Neestëmmen als neie Parteipresident gewielt[8] De 17. Mäerz 2024 gouf hie vun der Alexandra Schoos ofgeléist.[9]

Bei den Europawale vum 9. Juni 2024 huet d'ADR ee Sëtz am Europaparlament kritt.

D'Léonie de Jonge, Professesch fir d'Erfuersche vu Rietsextremismus um Institut für Rechtsextremismusforschung op der Universitéit Tübingen zielt d'ADR zu de Parteien um rietse Bord vum politesche Spektrum. D'ADR erfëllt an der Tëschenzäit all d'Krittäre vun der extremer Rietser sot si an engem Gespréich mat Reporter.lu. Déi haiteg ADR wier vun enger Ideologie vun der Ongläichheet markéiert. Nëmmen esou géif sech erkläre loossen, firwat si reegelméisseg Minoritéite wéi Flüchtlingen oder d'LGTBQ-Communautéit offen attackéiert an diskreditéiert. Sou geséich d'ADR déi däitsch AfD déi vum däitsche Verfassungsschutz als geséchert rietsextremistesch aklasséiert gouf, an der Tëschenzäit méi hemmungslos als ideologesch Alliéiert.[10]

D'Jugendsektioun vun der ADR nennt sech ADRenalin, déi jonk ADR.

Remove ads

Deputéiert am Laf vun der Zäit

Literatur

  • Sophie Federspiel: "Rechts abbiegen oder stehen bleiben? Die politische Orientierung der ADR." In: forum Nr.366, Oktober 2016, S.7-9.

Um Spaweck

 Commons: Alternativ Demokratesch Reformpartei – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. "Jean Colombera trëtt awer aus adr aus a behält säi Mandat." RTL.lu - 21.12.2012, 11:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.12.2012, 14:16
  2. Communiqué op RTL.LU vum 20. Mäerz um 11:15h
  3. (de) Christoph Bumb, Analyse: Von Brandmauern und offenen Türen. Reporter.lu (08.05.2025). Gekuckt den 08.05.2025.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads