Gavisse
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Gavisse ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.
Den Uert, deen zum Arrondissement Diddenuewen gehéiert, huet 507 Awunner (Stand 1999).
Remove ads
Geographesches
- Gavisse läit ronn 1 km vun der Musel ewech, op enger Héicht vun tëscht 148 an 180 Meter an huet eng Fläch vu 415 ha.
- Gavisse ass duerch D 62 nord-westlech mat Fixem verbonnen an süd-ëstlech iwwer d'Muselbréck vu Malling mat där Gemeng.
- D 64 féiert op Berg-sur-Moselle, dat ëstlech läit.

Demographesches
D'Awunnerzuel geet lafend erop:
- 1982: 318
- 1990: 467
- 1999: 507
Noperschaft
No bei Gavisse leie follgend Gemengen:
- Fixem, 1,5 km
- Malling, 2 km
- Berg-sur-Moselle, 2,1 km
- Haute-Kontz, 2,8 km
- Cattenom, 3,3 km
Kuckeswäertes
- D'Kierch St. Antoine vu Gavisse
Kuckt och
- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads