Georges Engel

lëtzebuergeschen Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Georges Engel
Remove ads

De Georges Engel, gebuer de 7. September 1968 zu Déifferdeng,[1] ass e lëtzebuergesche Politiker (LSAP).

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

Karriär

Hie war vun 2005 bis den 10. Juli 2020[2] Buergermeeschter vun der Gemeng Suessem.

Den 1. Februar 2012 gouf hien als Deputéierten an der Chamber vereedegt, wou en d'Mandat vun der Lydie Err iwwerholl huet, déi Ombudsfra ginn ass.[3] Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013, deene vum 14. Oktober 2018[4] an deene vun 2023[5] gouf hien erëmgewielt.

Hie war vu Mäerz 2010[6] bis Januar 2019 Vizepresident vun der LSAP.[7]

De 5. Januar 2022 huet hien dem Dan Kersch, deen zeréckgetruede war, seng Portefeuillen als Minister fir Sport, Aarbecht, Emploi a Sozial- a solidaresch Ekonomie an der Regierung Bettel-Lenert-Bausch iwwerholl.[8] De 17. November 2023 war d'Mandat vun der 3er-Koalitioun eriwwer.

2023 huet hie fir d'Chamberwale kandidéiert a gouf fir d'LSAP am Bezierk Süden an d'Chamber gewielt[9].

Remove ads

Gielchen

Literatur

  • Laboulle, L., 2022. Klapp den Engel. Der Sozialdemokrat Georges Engel hat den langen Aufstieg vom kommunalen Oppositionsrat zum Minister ohne Abkürzungen und Umwege bewältigt. Ein Porträt. d'Lëtzebuerger Land vum 7. Januar 2022, S. 6.

Um Spaweck

 Commons: Georges Engel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. (en) Le Quotidien - Georges Engel: «Le nucléaire est trop risqué». www.lequotidien.lu. Gekuckt de 05.10.2025.
  2. (fr) Georges Engel ne sera plus bourgmestre de Sanem. paperjam.lu. Gekuckt de 05.10.2025.
  3. "Lydie Err: En emotionalen Depart aus der Chamber." RTL.lu - 01.02.2012, 07:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.02.2012, 08:03.
  4. (fr) LSAP. elections.public.lu. Gekuckt de 05.10.2025.
  5. (fr) CSV. elections.public.lu. Gekuckt de 05.10.2025.
  6. (lb) Parteikongress: LSAP: Claude Haagen neie Parteipresident. www.rtl.lu. Gekuckt de 05.10.2025.
  7. (fr) Résultats détaillés - Sud. elections.public.lu. Gekuckt den 10.10.2023.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads