Goldstone Deep Space Communications Complex

From Wikipedia, the free encyclopedia

Goldstone Deep Space Communications Complex
Remove ads

De Goldstone Deep Space Communications Complex (GDSCC), och Goldstone Observatory genannt, ass eng Antennen-Anlag an der Mojave-Wüst am Süde vu Kalifornien, USA, 60 Kilometer nërdlech vu Barstow.

Thumb
70-Meter-Antenn am Goldstone Deep Space Complex

D'Antennenanlag ass en Deel vum Deep Space Network (DSN), engem weltëmspanenden Netzwierk vu Radioantennen, dat den Jet Propulsion Laboratory fir d'NASA fir d'Kommunikatioun mat Raumsonden a Satellitten souwéi fir radio- a radarastronomesch Fuerschungszwecker bedreift. Zwou weider Anlage sinn de Madrid Deep Space Communications Complex a Spuenien an de Canberra Deep Space Communication Complex an Australien.

Déi éischt Parabolantenn zu Goldstone gouf 1966 a Betrib geholl a war déi éischt vum DSN. Hire Parabolspigel gouf Enn vun den 80er Jore vu 64 op 70 Meter Duerchmiesser vergréissert, fir e besseren Datenempfang vun der Raumsond Voyager 2 wärend hirem Passage bei dem baussenzege Planéit Neptun ze kréien. Ufank vun de 1990er Jore gouf de Goldstone Observatory och fir de Sichprogramm SETI gebraucht.[1] Enn 2010 huet d'Anlag, no Moderniséierungsaarbechten, de Reegelbetrib nees opgeholl.[2]

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: Goldstone Deep Space Communications Complex – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Status of the NASA SETI Sky Survey microwave observing project Abstract@sciencedirect.com, ; A signal detection strategy for the SETI All Sky Survey abstract@ntrs.nasa.gov, ofgeruff den 23. Juli 2010
  2. FlugRevue Januar 2011, S.76, Goldstone ist wieder fit
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads