Guedber

Uertschaft an der Gemeng Jonglënster From Wikipedia, the free encyclopedia

Guedber
Remove ads

Guedber ass eng Uertschaft an der Gemeng Jonglënster.

op ee Bléck Aussprooch, An anere Sproochen ...
Remove ads

Geschicht vum Duerf

Den Terrain vum haitege Guedber war schonn an der Keltenzäit bewunnt. Zeien dovun ass déi sougenannt Häerdcheslee, eng Fielstafel an där d'Silhouettë vun zwou Persounen agemeesselt goufen.

1806 huet de Mathias Schergen dat éischt Weekräiz zu Guedber opgeriicht an huet sech 1810 am Duerf niddergelooss. 1814 hu sech däitsch a russesch alliéiert Truppen zu Guedber aquartéiert.

Am September 1843 huet déi al Schoul zu Guedber hir Dieren opgemaach. D'Kanner vu Guedber an Allënster hu sech ee Klassesall gedeelt. 1846 kruten se en eegene Sall.

1879 huet d'Famill Schergen decidéiert eng nei Kierch ze bauen. 1880 goufen déi éischt Plazen an der Kierch versteet, den Erléis louch bei 161 Lëtzebuerger Frang.

De 4. Mee 1924 gouf déi éischt Molkerei gebaut, déi 1936 duerch en Neibau ersat gouf. 1940 koume beim Duerchmarsch vun däitschen Truppen duerch d'Duerf 3 Mënschen ëm d'Liewen. Am Zweete Weltkrich gouf eng ganz Famill vu Guedber ëmgesidelt an zwou Persoune goufen entfouert .

1950 gouf de Mandolineveräin zu Guedber gegrënnt, dee bis haut existéiert.

Am Veräinshaus zu Guedber ass d'Hal vum Dëschtennis-Club Guedber-Lënster an et gëtt e Restaurant, mat Keelebunn am Duerf.

Remove ads

Kuckeswäertes


Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Godbrange – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

    Loading related searches...

    Wikiwand - on

    Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

    Remove ads