Gusty Back
lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer, Schidsriichter an Olympionik From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Gustave "Gusty" Back oder Gust Back, gebuer de 15. Oktober 1927 zu Uespelt, a gestuerwen den 22. November 2010 zu Diddeleng, war e lëtzebuergesche Foussballspiller, Olympionik[1], Foussballtrainer a Schidsriichter.
Hien huet beim FC Uespelt ugefaange Foussball ze spillen. 1950 ass hie bei de Stade Diddeleng gewiesselt, wou en eemol d'Coupe, 1956, an zweemol d'Championnat, 1955 an 1957.
No engem Joer beim Stade Diddeleng hat hie schonn de Sprong an d'Nationalekipp gepackt, den 23. Dezember 1951 stoung hien an der Startformatioun am Match géint Däitschland, deen awer mat 1:4 verluer gaangen ass (Gol vum Menn Muller).
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1952 zu Helsinki vertrueden,[2] wou hien awer op der Ersatzbänk souz.
Tëscht dem 23. Dezember 1951 an dem 9. Oktober 1955 huet hien néngmol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]
Hie war vun 1958 bis 1963 Trainer vum FC Uespelt. Duerno war hie bis 1967 Schidsriichter.
Hien huet zu Diddeleng gewunnt, war bestuet an hat zwou Duechteren. Am Alter vun 83 Joer ass hie friddlech zu Diddeleng entschlof.
Remove ads
Auszeechnungen
- Chevalier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg[4]
Kuckt och
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
- De Gusty Back op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Archivéiert den 09.03.2016. Gekuckt de 27.01.2011.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads