Halerbaach
lëtzebuergesch Baach From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Halerbaach ass eng lëtzebuergesch Baach am Kanton Iechternach an deelweis op der Grenz mat dem Kanton Dikrech.

Si huet hir Quellen an engem fiichte Gebitt westlech vum Kelleschhaff tëscht Suewelbuer a Freckeisen, op den zwou Säite vum CR356, op enger Héicht vu ronn 370 Meter. Si leeft vun do no Norden, lénks laanscht den Nisendaller Haff a riets laanscht Suewelbuer, vu wou eng kleng Baach vu lénks derbäikënnt. Do leeft se dann ënner dem CR358 erduerch a verschwënnt da lues a lues an enger Griecht tëscht dem Pletschterhaff an dem Flickenhaff fir dann no Osten a Richtung Haler Millen ze lafen. Op deem Wee kommen nach vu lénks d'Siwebaach an d'Tollbaach derbäi.
Op der Haler Mille geet et ënner dem CR128 erduerch, an direkt duerno kënnt vu lénks d'Bächelche Ramerbur derbäi. Eng 900 Meter weider gëtt se vun der Haupeschbaach, déi vu Beefort kënnt, gefiddert.
Op enger Héicht vun 190 Meter vun der Dominiksmillen un, gëtt hiren Dall da méi breet, a 700 Meter duerno leeft se, op enger Héicht vun 187 Meter, op der Vugelsmillen an d'Schwaarz Iernz.
D'Géigend ëm d'Halerbaach steet zanter 1938 op der Lëscht vun de Monuments classés déi deemools Liste des monuments et des sites classés geheescht huet.[1].
Remove ads
Kuckt och
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaweck
| Commons: Halerbaach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Halerbaach op der Lëscht vun de Monuments classés am Mémorial B N° 77 vum 24. Dezember 2003, S. 1148
Referenzen
- Mémorial vun 1938 Archivéiert de 05.03.2016. Gekuckt den 22.08.2008.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads