Helmut Käutner

däitsche Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmproduzent From Wikipedia, the free encyclopedia

Helmut Käutner
Remove ads

Den Helmut Käutner, gebuer de 25. Mäerz 1908 zu Düsseldorf, a gestuerwen den 20. Abrëll 1980 zu Castellina in Chianti (Italien), war en däitsche Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmproduzent.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

Vun 1931 bis 1935 ass den Helmut Käutner am Cabaret-Ensembel Die Nachrichter opgetrueden. Vun 1936 bis 1939 war hien am Leipziger Schauspielhaus engagéiert.

Säin éischte Film Kitty und die Weltkonferenz huet hien am Joer 1939 gedréint. Dëse Film gouf vun der Nazi-Zensur verbueden. Bekannt Filmer vum Käutner sinn: Unter den Brücken(1944), Die letzte Brücke (1954), Ludwig II (1955) an Des Teufels General (1955).

Als Schauspiller ass hien opgefall an der Mini-TV-Serie Babeck an am Hans-Jürgen Syberberg sengem Film Karl May an der Haaptroll als Karl May.

Den Helmut Käutner war vun 1934 bis zu sengem Doud mat der Schauspillerin Erica Balqué bestuet.

Remove ads

Filmographie

als Regisseur

Kino

als Schauspiller (Auswiel)

  • 1927: Kreuzer Emden, vum Louis Ralph
  • 1943: Romanze in Moll
  • 1944: Große Freiheit Nr. 7
  • 1948: Der Apfel ist ab
  • 1950: Königskinder
  • 1950: Epilog: Das Geheimnis der Orplid
  • 1958: Der Schinderhannes
  • 1959: Die Gans von Sedan
  • 1960: Wir Kellerkinder, vum Hans-Joachim Wiedermann
  • 1961: Zu jung für die Liebe?
  • 1964: Das Gespenst von Canterville (TV)
  • 1968: Babeck (TV Mini-Serie)
  • 1970: Hauser's Memory (TV) vum Boris Sagal
  • 1974: Karl May, vum Hans-Jürgen Syberberg
Remove ads

Literatur

  • Peter Cornelsen: Helmut Käutner. Seine Filme, sein Leben. München: Heyne 1980. (Heyne Filmbibliothek) ISBN 3-453-86027-6.
  • Wolfgang Jacobsen an Hans-Helmut Prinzler: Käutner. Berlin: Wiss.-Verl. Spiess 1992. ISBN 3-89166-159-2.

Um Spaweck

 Commons: Helmut Käutner – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads