Maria Schell

Schwäizer-éisträichesch Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia

Maria Schell
Remove ads

D'Maria Schell (eigentlech Margarete Schell), gebuer de 15. Januar 1926 zu Wien, a gestuerwen de 26. Abrëll 2005 zu Preitenegg, Kärnten, war eng Schwäizer-éisträichesch Schauspillerin. Si war eng vun deene gréisste Stare vum däitschen Nokrichsfilm.

op ee Bléck Gebuertsnumm, Gebuer ...
Thumb
D'Schell als gekidnäppten däitsch Doktesch am Zweete Weltkrichsdrama Die letzte Brücke (1954)

Hir éischt Haaptroll hat si 1949 am Film Der Engel mit der Posaune. Duerno koume Filmer mam Dieter Borsche a mam O. W. Fischer, mat deem si souzesoen d'Traumpaar vum däitsche Film vun den 1950er Jore war. Die letzte Brücke ënner der Regie vum Helmut Käutner huet hir 1954 d'Gëlle Palm op den Internationale Filmfestspiller vu Cannes an och den internationalen Duerchbroch abruecht.

Am Tatort-Krimi Heilig Blut vum WDR war d'Maria Schell am Januar 1996 an der Roll vun enger Äbtissin ze gesinn. Fir d'lescht virun enger Kamera war si 2002 am Dokumentarfilm Meine Schwester Maria, deen hire Brudder Maximilian iwwer si gedréit huet. Allen zwee krute se dofir e Bambi.

D'Schell huet an hire leschte Joren un Demenz gelidden a ganz zeréckgezunn a Kärnten an den éisträicheschen Alpe gewunnt. Am Abrëll 2005 ass si un de Suitë vun enger Longenentzündung gestuerwen.

Remove ads

Filmer

Kino

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Maria Schell – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads