Herbert Lom

brittesche Schauspiller an Auteur From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Herbert Lom, gebuer als Herbert Karel Angelo Kuchacevič ze Schluderpacheru den 11. September 1917 zu Prag (deemools Éisträich-Ungarn), a gestuerwen de 27. September 2012 zu London[1], war e brittesche Schauspiller an Auteur mat tschechoslowakeschen Originnen.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Remove ads

Liewen

Hien huet seng Filmcarrière 1937 an der Tschechoslowakei ugefaangen, an ass am Januar 1939 a Groussbritannien emigréiert, wou en 1942 am Film The Young Mr. Pitt den Napoleon Bonaparte gespillt huet. 1956 sollt hien am Film War and Peace nach eng Kéier den Napoleon verkierperen. 1946 war de Lom den Haaptacteur am Film Dual Alibi, wou en an enger Duebelroll eng Zwillingskoppel gespillt huet.

1953 hat en d'Haaptroll an der Londoner Originalproduktioun vum Musical The King and I, déi 926 Séancen hat.[2] 1955 huet hien nieft dem Alec Guinness an dem Peter Sellers am Film Ladykillers matgespillt. Aner bekannt Filmer, an deenen en ze gesi war, si Spartacus, The Mystery Island, El Cid, an Der Schatz im Silbersee.

Seng bekanntst Roll däerft awer déi vum Chefinspekter Dreyfus sinn, dem neurotesche Patron vum Inspekter Jacques Clouseau, dee vum Peter Sellers gespillt gouf, an der Pink Panther-Filmserie vum Blake Edwards.

Den Herbert Lom huet och zwéi Romaner geschriwwen, een iwwer de Schrëftsteller Christopher Marlowe, Enter a Spy: The Double Life of Christopher Marlowe (1971), an een iwwer den Erfinder vun der Guillotine (Dr. Guillotin: The Eccentric Exploits of an Early Scientist) (1992).

Remove ads

Filmer (Kino)

vun 1937 bis 1949

  • 1937: Zena pod krízem (Woman Below The Cross), vum Vladimír Slavínský
  • 1938: Bozí mlýny (God's Mill), vum Václav Wasserman
  • 1942: The Young Mr Pitt, vum Carol Reed mam Robert Donat a Robert Morley
  • 1942: Secret Missionvum Harold French mam Michael Wilding an James Mason
  • 1943: Tomorrow We Live, vum George King mam John Clements a Karel Stepanek
  • 1943: The Dark Tower, vum John Harlow mam Anne Crawford an David Farrar
  • 1944: Hotel Reserve, vum Lance Comfort mam James Mason a Lucie Mannheim
  • 1945: The Seventh Veil, vum Compton Bennett mam James Mason an Ann Todd
  • 1946: Night Boat to Dublin, vum Lawrence Huntington mam Robert Newton
  • 1946: Appointment with Crime, vum John Harlow mam William Hartnell
  • 1948: Dual Alibi, vum Alfred Travers mam Terence de Marney an Abraham Sofaer
  • 1948: Snowbound, vum David MacDonald mam Dennis Price a Stanley Holloway
  • 1948: Good-Time Girl, vum David MacDonald mam Jean Kent an Dennis Price
  • 1948: Portrait from Life, vum Terence Fisher mam Mai Zetterling a Guy Rolfe
  • 1948: Brass Monkey, vum Thornton Freeland mam Carole Landis

vun 1950 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1980 bis 1989

vun 1990 bis 1993

  • 1991: Masque of the Red Death, vum Alan Birkinshaw mam Frank Stallone a Brenda Vaccaro
  • 1991: La setta, vum Michele Soavi mam Kelly Curtis
  • 1991: The Pope Must Die, vum Peter Richardson mam Robbie Coltrane
  • 1993: Son of the Pink Panther, vum Blake Edwards mam Roberto Benigni a Claudia Cardinale
Remove ads

Bibliographie

  • Enter a Spy: The Double Life of Christopher Marlowe. Rowman & Littlefield, ISBN 0-8476-6258-6.
  • Dr. Guillotin: The Eccentric Exploits of an Early Scientist. Trafalgar Square Publishing, ISBN 1-85619-111-7.

Referenzen

  1. Stanley Green, Encyclopedia of the Musical Theatre, (New York, 1976: Dodd, Mead & Company, rpt. Cambridge, Mass.: Da Capo Press, 1980), S. 233.

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads