Hinterland
Film vum Stefan Ruzowitzky (2021) From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Hinterland ass en éisträichesch-lëtzebuergesch-däitsche Spillfilm vum Regisseur Stefan Ruzowitzky. E koum den 20. Oktober 2021 zu Lëtzebuerg an d'Kinoen.
Remove ads
Ëm wat geet et am Film?
De Peter Perg kënnt 1920 no 7 Joer russescher Krichsgefaangenschaft op Wien zeréck, wou vun der keeserlecher Pracht vu virum Krich näischt méi iwwreg ass. Als fréieren Detektiv ass hie mat engem grujelege Muerd un engem Krichskommerod konfrontéiert, a mecht sech, zesumme mat der Forensikerin Theresa Körner op d'Sich nom Mäerder...
Produktioun
De Lëtzebuerger Filmfong huet der Filmproduktiounsgesellschaft Amour Fou Luxembourg am November 2018 e Subside an Héicht vun 1,6 Milliounen Euro accordéiert, fir de Film ze produzéieren.[1]
De Film gouf zu groussen Deeler am Filmland zu Kielen virun engem Greenscreen gedréint; dobäi goufen d'Hannergronddekore mat VFX akopéiert.
Auszeechnungen
Hinterland krut um 74. Interntionale Filmfestival vu Locarno de Publikumspräis.[2]
Kuckt och
Um Spaweck
- Fiche op filmfund.lu.
- Trailer op youtube.com.
- ‘Hinterland’ Review: An Expressionist Murder Mystery Set in the Wake of World War I. Kritik op variety.com.
Referenzen
- filmfund.lu: Comité de Sélection décisions novembre 2018
- "Hinterland récompensé à Locarno." paperjam.lu, 16.08.2021.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads